Uebst, Geméis, Zalot... genee esou sollt jo eng gesond Moolzecht ausgesinn. Do sollt een sech allerdéngs och net erféiere loossen. Laang net all Liewensmëttel sinn esou gesond wéi mer dat mengen. D'Michèle Schons huet déi sougenannte "Superfoods" mol méi genee ënnersicht an huet e puer verstoppte Kaloriëbommen entdeckt.

07/08/2019 Si gesond Liewensmettel awer net esou gesond?

Nëss
eng gutt Knabber-Alternativ fir Chipsen an si maachen och nach sat. Ausserdeem si vill gesond ongesiedegt Fettsaieren dran! Mee dovunner awer richteg vill; 100g Hieselnoss, Walnoss a Co hu 600 Kalorien

Mandelmëllech
Méi beléift wéi je virdrun, als Alternativ zur klassescher Koumëllech. Mee do kann een sech ieren: Dacks ass an der fäerdeger Mandelmëllech Zocker a Guargummi. Op dee Ballaststoff reagéiere munch Mënschen allergesch. An net all Mëllechalternativ ass automatesch fettaarm. E Bléck op d'Verpackung rentéiert sech hei.

Smoothies
Si gesinn esou gesond aus, ma sinn se dat och wierklech? E Smoothie gëllt als déi perfekt Tëschemoolzecht mat villen Nährstoffer a Vitaminnen. Ma an deem Gedrénks ass ganz vill Fruchtzocker, well se pro Portioun aus e puer Stécker Uebst bestinn. Et gëllt hei: d'Dosis mécht d'Gëft.

Dréchenuëbst a Studentefudder
De Müsli mécht et séiss a liwwert als Snack tëschenduerch déi perfekt Alternative zu Schockela oder Kichelcher. Ausserdeem ass et och nach gutt fir d'Verdauung. Ma och hei ass eng gutt Partie Fruuchtzocker dran: 100g Dréchenuëbst huet 360 Kalorien.

Geméis-Chips
Gromperechips sinn ongesond, souvill ass kloer. Eng flott Alternative sinn do Geméisschips aus roude Rommelen, Pastinaken oder séisse Gromperen. Wierklech? Leider nee, well och dës Chipse gi meeschtens frittéiert, an da sinn se genee esou ongesond wéi déi aner och.  

Zalot an der Tut
Praktesch, gell? Zalot ass scho fäerdeg gezupft, gebotzt, gemëscht a verpaakt ... Fastfood awer gesond... Och hei soll een oppassen. Bei fäerdegen Zaloten an der Tut bilden sech séier Keimen op de Blieder, an erhéichte Pestizid a Chlorat-Wäerter sinn net seelen. Wann dann nach e Fäerdeg-Dressing drop kënnt, kann ee vu gesond wierklech net méi schwätzen. 

Balsamicoesseg
Da léiwer e selwergemaachten Dressing! Och do gëtt et Falen. A ville Balsamicoessegen ass Zockerkulör bäigemëscht, dass se schéin donkel ausgesinn. Zesumme mat Maisstäerkt, déi den Esseg méi déckflësseg mécht, dreift dat d'Zuel u Kalorien nach emol gutt biergop.

Grénge Pesto
Nuddele kachen an en halleft Glas Pesto drënner mëschen, a schonn ass dat gesond Mëttegiesse fäerdeg. Nee nee... Am Pesto ass d'Fettbomm Parmesan dran a Piniekären. Ausserdeem gëtt de fäerdege Pesto aus dem Supermarché dacks mat bëllegem Sonneblummenueleg amplaz héichwäertegem Olivenueleg gemaach, deels och kënschtlech Aromastoffer an Zocker nach bäigemëscht. Da léiwer de Pesto frësch doheem selwer maachen.

Wäisse Räis
Wéi? de Räis och? Natierlech net all Räis, de Vollkarräiss ass duerchaus gesond. Ma de wäisse Räis huet esou gutt wéi keng Nährstoffer, well geschielt. Ëmmerhin ass en awer Kalorienaarm a mécht sat. 

Vollkarbrout
Vollkarproduite si gesond, schonn eleng am Verglach mat den helle Varianten aus wäissem Miel an ouni Kären. Allerdéngs sollt een och hei beim Akafen op d'Inhaltsstoffer Uecht ginn, net an all Vollkarbrout ass ganze Kar, an dacks gëtt och Zocker an den Deeg gemëscht.
 

Fettaarme Jughurt
Jughurt ass gesond a schmaacht. Wann een elo mengt, dass déi fettaarm Variant déi besser Alternativ ass, dann huet een sech leider geiert. Dacks ass hei nach méi Zocker dran wéi an der normaler Versioun. Ausserdeem ass d'Gefor vum Selbst-Bedruch hei grouss. Wa fettaarm dropsteet, dann ësst een es gäre mol méi.