Bei eisen däitschen Nopere gëtt et den Ament en Enkpass fir Medikamenter ze liwweren. Verschidden Impfstoffer, Antibiotiken oder Medikamenter géint Kriibs oder Diabetis sinn de Moment schwéier ze kréien. Ass dat bei eis och de Fall? D'Jil Arend war sech informéieren.

09/08/2019 Medikamenter knapp?

Wann e Patient mat enger Infektioun am Spidol läit an déi richteg Antibiotike kënnen net geliwwert sinn, dann ass dat e Problem. Och zu Lëtzebuerg kënnt et alt emol fir, dass een e bësse méi laang op d'Medikament waarde muss. D'Industrien an d'Pharmakonzerner kënne verschidde Medikamenter temporär net produzéieren an da kennt et zu Engpäss bei der Liwwerung. D'Vize-Presidentin vum Syndicat vun de lëtzebuerger Apdikter, Danielle Becker Bauer nennt och nach e weidere Grond:

Virun allem ginn et Qualitéitsproblemer bei den Medikamenter

Qualitéit spillt bei der Produktioun vu Medikamenter nämlech eng immens wichteg Roll.

Danielle Becker-Bauer iwwert de Qualitéitsusproch vun den Matières premières

Et kënnen awer och ganz trivial Grënn sinn. Et gouf schonn de Fall, dass eng Crème net konnt geliwwert ginn, well d'Firma, déi hir Tübe produzéiert huet zougemaach gouf. Den Hiersteller hat du Problemer seng Crème ze verpaken. Wann en Medikament dann net méi ze kréien ass, gëtt awer, an de meeschte Fäll eng Alternativ fonnt.

Alternativen vu Medikamenter

En Medikament ersetzen, kann a ganz seelene Fäll zu Niewewierkungen oder Allergië féieren. Esou e Problem gouf et elo a Frankräich mam Medikament Euterox, engem Medikament fir d'Schilddrüs, wat an Asien produzéiert gëtt. Danielle Becker-Bauer, Vize-Presidentin vum SPL.

Bei Euterox hat d'Formule geännert

Lëtzebuerg kritt seng Medikamenter zu 90 % aus der Belsch. Et gëtt pro Mount gekuckt wéi vill vun engem bestëmmte Medikament gebraucht gëtt an dës Quantitéit gëtt dann och ëmmer geliwwert.

Danielle Becker-Bauer iwwert d'Liwwerung vun den Medikamenter

Fir dem Patient Satisfaktioun ze ginn, maachen d'Apdikten alles fir déi gebrauchte Medikamenter op Stock ze hunn.

Danielle Becker-Bauer iwwert de gudde Wëllen, dass alles mat Zäit do ass

Bei eis muss also kee fäerten, dass en säi Medikament net wäert kréien.