De Shawn Mendes an d'Camila Cabello hu mat 'Señorita' d'Summergefill quasi an ee Lidd gepaakt an eemol ronderëm d'Welt geschéckt. Och hei danzen d'Fans dëst Joer nees op en offizielle Summerhit vum Joer, definéiert vun Universal Music. Vun 'Despacito' bis zum 'Ketchup Song', wéi gutt kënnt der Iech nach un all d'Summerhits erënneren? D'Michèle Schons ass bal 30 Joer zeréck gaangen a liwwert eis e klenge Reminder:

09/08/2019 Summerhits 1 (1990-1999)

E war deemools de brave Bubi ënnert de Rapper. En Image wat sech rentéiert huet: Mat 'U can't touch this' ass dem MC Hammer de Summerhit gegléckt.

1991 hat dann d'Kate Yanai déi glécklech Hand fir de Summerhit. 'Bacardi Feeling (Summer dreamin')' hat jo de Summer schonn am Titel dran. D'Originne vum Lidd waren iwwregens fir d'Reklamm vun enger bekannter Rum-Mark. 

'It's My Life' huet dat Joer drop den Zänndokter Dr. Alban gesongen, an huet d'Liewensgefill vun den 90er op de Punkt bruecht. Och mat Hits wéi 'Sing Hallelujah' war de gebiertegen Nigerianer Stammclient an den Hitparaden. 

Och wann de 'Mr. Vain' mat sengem haarde Beat net grad summerlech geklongen huet, ass de Song vu Culture Beat zur meeschtverkaafter Single vum Joer 1993 an Europa avancéiert. Zéng Joer drop ass d'Lidd an enger neier Versioun an neier Besetzung nach emol op de Maart komm an ass nees an den Top 10 gelant.

Di al Huese wäerten sech nach un en erënneren: De Schauspiller Mark Wahlberg, deen och emol Musek gemaach huet. 1994 huet en als Marky Mark zesumme mam Prince Ital Joe de Summerhit vum Joer 'United' geliwwert.

1995 hu mer net nëmmen de Californier Scatman John kennegeléiert, ma och eng komplett nei Museksrichtung. De Scat. Mam Tuddel Hit 'Scatman' huet de Museker, dee virun 20 Joer gestuerwen ass, de Summerhit vum Joer bruecht. 

Zanter 1996 gehéiert zum Summerhit och de passende Summerdanz. D'Häre vu Los del Rio hu bei hire Megahit 'Macarena' och déi passend Choreographie matgeliwwert, déi och direkt vun all Mënsch op der Plage oder bei der Piscine geüübt ginn ass.

Am Original vun zwee däitsche Musekproduzente gegrënnt, huet d'Band Bellini en etlech Personalwiessel musse matmaachen. 1997 hunn si mam 'Samba de Janeiro' de Summerhit vum Joer produzéiert. 

Den Numm Marie-José van der Kolk seet Iech elo direkt näischt, oder? Awer den Numm Loona vläicht? Ënnert deem Kënschtlernumm mécht d'Hollännerin zanter den 90er Musek, an dat esou erfollegräich dass 1998 hire 'Bailando' den offizielle Summerhit vum Joer gouf. 

Haiando rentéiert et sech ganz déif am Plackenarchiv ze wullen. Do sinn nämlech Hamburger Musekmanager op d'Stéck 'Mambo No. 5' aus dem Joer 1949 gestouss, hunn de passenden Interpret dofir gesicht a fäerdeg war de Summerhit 1999