De Summer ass voll am Gaang an elo gëtt et och den offizielle Summerhit dozou. Dëst Joer huet de Latin-Ouerewuerm "Señorita" vum Shawn Mendes a Camila Cabello sech duerchgesat. D'Michèle Schons ass awer mol e bësse méi wäit an der Zäit zeréck gereest an erzielt eis wat fir eng Hits 2000 bis 2009 de Summerpräis kruten: 

09/08/2019 Summerhits 2 (2000-2009)

'La La La La La'- vill méi brauch et net, fir e Summerhit ze schreiwen. Sou war dat am Joer 2000 de Fall, wéi déi zesummegewierfelt Band ATC mat 'Around the world' d'Leit zum Danze bruecht hunn:

Kalifornien, dat geet ëmmer. Schliisslech reent et do sou gutt wéi ni, perfekte Summerfeeling also. An déi perfekt Ingredient'en fir de Summerhit 2001 'Miss California' si vum Dante Thomas.

"Aserejé, ja deje tejebe tude jebere sebiunouba majabi an de bugui an de buididipí" - bei deem Zongebriecher hunn sech 2002 ganz vill Leit d'Zong gebrach, an den Danz dobäi war net manner einfach ze léieren. Responsabel fir de Sproochknuet an d'Gelenker déi wéi dinn: Las Ketchup mam 'Ketchup Song'.

Hey yo was geht? Esou munches goung fir de Buddy vs. DJ The Wave - opmannst mol am Joer 2003. Well do hunn de Berliner an säin éisträichesche Kolleg de Summerhit 'Ab in den Süden' geliwwert.

"Léift ënnert dem Lannebam" - klengt no Schlager? War awer 2004 e Summerhit vun der Band O-Zone. Op mannst mol ënnert dem eigentlechen Titel 'Dragostea din tei' a fir e kuerze Moment huet hallef Europa opeemol op Moldau-Rumänesch de Refrain 'nu ma, nu ma iei' matgesongen.

Ganz séier ass am Joer 2005 d'Band US5 geklommen. Um Enn vum Summer deemools konnte wahrscheinlech nëmmen nach agefleeschte Fans vun der Band hiren Titel 'Maria' héieren. Genee esou séier wéi d'Boyband bekannt ginn ass, war 4 Joer méi spéit nees Schluss.

"Does that make me crazy?" - Jo, dee Summerhit huet 2006 all Mënsch de Kapp verdréit. Den Duo Gnarls Barkley huet senger Kreativitéit fräie Laf gelooss mam Summer-Song 'Crazy'.

Neen, wa Culcha Candela 'Hamma' sangen, da geet et net ëm en Handwierksgeschir, ma bei de Jongen dréit sech alles ëm eng Hamma-Fra, op mannst mol an hirem Summerhit 2007.

No 'I kissed a girl' huet d''Sängerin Katy Perry direkt e puermol behaapt si wär heterosexuell. Schéi fir d'Info. Am Joer 2008 huet hiren Hit weltwäit als Summerhit ageschloen.

Musek aus Island? Dovunner héiert een an der Summervakanz eigentlech éischter manner. Ganz gutt koum awer dem Emiliana Torrini säin Hit 'Jungle Drum', dee virun allem och duerch hiren Optrëtt bei der Finale vun Germany's Next Topmodel 2009 bekannt ginn ass.