Séiss, säfteg an och nach gesond. Vun der Waassermeloun dierf een, ausser der Schuel, alles matiessen.

12/08/2019 Superfood Waassermelopun

D'Waassermeloun - e Stéck Summer. Séiss, säfteg, gesond a kaum Kalorien. Wann do net déi Käre wären ... mä: och déi kann/soll ee matiessen! Well an de Waassermeloune-Käre si ganz vill Vitaminen a Mineralstoffer, wéi iwwregens och an der Fruucht selwer: Vitamin C a B6 . D'Käre mussen allerdéngs gutt geknat ginn, ier se an de Mo wanderen, soss kann de Kierper näischt mat deene gudde Saachen ufänken. Wien dat awer elo net wëll: als cool Alternative d'Kären aus der Meloun eraushuelen, an op engem Bakblech am Schäffchen  réischteren. Dat gëtt herno e leckeren Topping fir Zaloten oder Zoppen.
Oder d'Käre karamelliséieren. Bon, do kommen dann eben e puer Kalorien dobäi.
A wa mer schonn amgaange sinn, déi ganz Waassermeloun auserneen ze huelen: och dee wäissen Deel, also de Bord, direkt un der Schuel, dierf ee matiessen. En ass zwar manner séiss, ewéi dat rout Fleesch, mä och hei kann een improviséieren: einfach dat Wäisst vun der Meloun a kleng Wierfele schnëppelen an an enger Zalot oder an engem Smoothie verschaffen.
A wann der och nach e bëssche Sport wëllt mat der Waassermeloun verbannen: se erënnert dach e bësschen un e Medezinball, oder?