Wann en Lénkshänner mat riets schreift kann dat schlëmm Konsequenzen hunn, wéi zum Beispill Konzentratioun- an Léierschwieregkeeten oder och nach Depressiounen. Den 13. August ass internationalen Lénkshännerdag an op dësem Dag wëll een op genee déi Problemer opmierksam maachen. Detailer, vun engem Lénkshänner, Loïc Juchem.

13/08/2019 Lénkshännerdag

Direkt virop ech sinn en stolze Lénkshänner an hunn nach ni probéiert mat riets ze schreiwen, och wann meng Schrëft da villäicht bësse méi attraktiv géing ginn.
Ma et ginn eng Partie Leit déi hunn keng sou gutt Erfarung als Lénkshänner. Fréiers gouf een och a munch Schoulen zu Lëtzebuerg gezwongen mat Riets ze schreiwen. Wien dat net wollt oder konnt maachen huet misse  mat Strofen rechnen. Vill Lénkshänner hunn sech reegelrecht gequäält fir mat riets ze schreiwen.
Bis an d'90er Jore goufe ganz vill Léit an eisem Nopeschland Däitschland op riets ëmgeschoult, well dat deemools einfach net an der Gesellschaft akzeptéiert war.
Do ginn et och Ulafsplaze fir d'Lénkshänner, wou di sech kënnen informéieren a berode loossen.

Haut géingen si sech zum Beispill vill mam ,,Nomaach- Effet'' ausernaner setzen. Kanner wéilten eben sou si wei hiert Ëmfeld a meeschtens sinn dat Rietshänner.
An verschiddenen islamesche Länner gëllt di lénks Hand och als knaschteg an et dierf een se just benotze fir sech den Hënner ofzebotzen. Kanner aus deene Famille ginn also och dacks ëmgeschoult.
Wei vill Prozent vun der Populatioun Lénkshänner sinn ass schwéier ze soen, d' Donnée variéiere jee no Etüd zwëschen 3,3 an 30 Prozent.
Bei Lénkshänner sinn Deeler vun der rietser Säit am Gehir méi developpéiert, bei de Rietshänner ass et ëmgedréint. Forcéiert een sech als Lénkshänner mat riets ze schreiwen, dann entwéckelt sech di falsch Säit vum Gehir an dat ka fatal Konsequenzen hunn. Zum Beispill, Kommunikatiounsproblemer a Lies-  Rechtschréiwschwieregkeeten aner Konsequenze Sproochstéiereungen oder Mannerwäertegkeetskomplexer.
Hautdesdaags géing et vill Erwuessener ginn déi sech op emol ëmschoule loossen, well se da wësse wou se hin  ma heiansdo kann et sinn dass et net méi klappt. Et gëtt engem dofir recommandéiert eng Psychotherapie  där Zäit ze maachen.
Am beschte wier et natierlech wann een einfach dozou steet dass ee Lénkshänner ass, well wat ass dann dobäi?

Och de d'Marilyn Monroe, de Barack Obama, de Caesar, Charlie Chaplin oder d'Queen si Lénkshänner an ech géing jo wuel mengen aus hinnen All ass eppes ginn!