D'Diskussioun ronderëm de Fleeschkonsum gehéiert wuel zu den hëtzegsten an eiser Zäit, Leider gëtt se meeschtens relativ eesäiteg a kuerzsichteg geféiert a militant Veganer, esou wéi Grillfans deenen et egal ass, droen allebéid kaum zu enger gesonder Diskussiounskultur bäi. Dat ass schuet, well offensichtlech ass et en Thema wat déi ganz Mënschheet betrëfft: Ökologie, Ekonomie, Kultur, Ethik, Gesondheet. Eng Firma déi méi wéi 170 Joer laang Wurscht verkaf huet, denkt schonn zanter enger Zäitchen ëm.

14/08/2019 Brauche mer wierklech Fleesch?

Kommerziell Fleeschproduite ginn industriell produzéiert. D'Notzvéi gëtt fir deen Zweck dacks ënner onwierdegen Ëmstänn gehalen a schliisslech grad esou op grausam Manéier an d'Schluechthaus transportéiert. Iert d'Déieren doutgemaach ginn, sinn se op enkstem Raum agespaart a gi permanent mat Antibiotiken a gentechnesch manipuléierte Wuesstemshormoner behandelt. Dës Medikamenter landen natierlech am Fleesch an herno um Teller. D'Rügenwalder Mühle déi bekannt ass fir Wurscht, Schinkenwurscht, Ham oder Frikadellen huet viru 5 Joer ugefaange mat Ëmdenken, wéi de Generaldirekter Godo Röben eis verroden huet.

D'Transformatioun fir esou eng "agefleeschte" Firma ass natierlech eng Erausfuerderung, an et brauch ee vill Gedold, Empathie a staark Nerven fir de Mënsch aus senge Gewunnechten erauszehuelen a waakreg ze rëselen.

An der Liewensmëttelbranche gëtt et den Ament näischt wat weltwäit esou en Hype erlieft wéi dee fir alternativ Proteinnen ze fannen. Och eng ganz Partie aner Firmen hunn sech bei de Pionéier zu Bad Zwischenahn e Beispill geholl a klammen ëm. Dat gesäit een ënnert anerem och bei Mëllechproduiten, wou Mandel, Noss oder Kokosmëllech ewell ganz beléift ass. Dëse Wandel ass net méi ze bremsen.

En Déier huet säi ganzt Liewe gefriess, honnerte Liter Waasser verbraucht an ass vum Fleeschpräis méi bëlleg wéi e Kilo Geméis. Dat gëtt engem och ze denken. Vun engem staark reduzéierte Fleeschkonsum géif de Mënsch, d'Déier an d'Ëmwelt gläichermoosse profitéieren. An net nëmmen dat, och d'Klima géif eng Chance kréien sech z'erhuelen.

„Eng Wurscht muss gutt schmaachen“, sot mol de Rolf Hiltl, „ob do elo Fleesch dran ass oder net, spillt keng Roll. " 2013 huet de Chef vum eelste vegetaresche Restaurant an der Schwäiz déi éischt Metzlerei ouni Fleesch opgemaach. Ronn 1500 Leit kommen all Dag bei en iessen. An der Vegi-Metzlerei offréiert e Scampien aus Yamswuerzel, vegetaresch Fileten a gehäerzten Tartar op Auberginnen-Tomate-Basis.