Nach ëmmer kommen all Dag Dausende vu Flüchtlingen iwwert d'Mëttelmier fir an Europa e bessert Liewen unzefänken. Länner wéi Tierkei a Griicheland ginn déi Massen u Leit, déi hei all Dag mat de Schëffer ukommen net méi meeschter an d'Migrante liewen op enkem Raum ënnert onwierdege Konditiounen zesummen. Glécklecherweis ginn et mëttlerweil Initiative fir dëse Flüchtlingen méi een attraktiven Alldag ze erméiglechen.

14/08/2019 Flüchtlingsprojet a Griicheland

E-Hub ass ee Projet vun der éisträichescher ONG ECHO100Plus, deen 2016 op der Insel Leros a Griicheland an d’Liewe geruff ginn ass. Heimat ass eng Plaz geschaf ginn, déi et Flüchtlingen ab 18 Joer erlaabt zesumme mat internationale Volontairen u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen a sou en éischten Goût vun der europäescher Kultur ze kréien. De Mick Lindé, en 23 järege lëtzebuerger Student ass dëst Joer fir déi zweete Kéier zu Leros aktiv an erkläert wat d’Haaptaufgaben als Volontär hei sinn.

CUT 1

Den Ament sinn 1400 Flüchtlingen hei am Lager, obwuel dësen am Fong just fir 700 Leit geduecht ass. Si kommen all aus ganz verschiddene Situatiounen a Länner zu Leros un, wat natierlech och mat sech bréngt, dass e gewëssene Kulturschock a kulturell souwéi sozial Ënnerscheeder entstinn. Dat kann Konflikter ënnerteneen ausléisen.

CUT 2

D'Haaptaufgab als Volontär ass also haaptsächlech en oppent Ouer ze hunn an als Ënnerstëtzung fir déi nei Migranten do ze sinn.

CUT 3

Dee ganze Projet funktionéiert awer sou, dass d'Migrante fräiwëlleg un deene verschiddenen Aktivitéiten deelhuele kennen. Dat bréngt natierlech mat sech, dass déi déi matmaachen och motivéiert sinn eng nei Sprooch ze léieren, en Instrument ze üben oder bei enger Sportaart aktiv matzemaachen. Des fräiwëlleg Participatioun huet dann och seng Nodeeler.

CUT 4

Et ass also eng richteg Famill déi hei tëscht internationale Volontären a Flüchtlingen aus de verschiddene Kriiselänner zesummewiisst.  Als Volontär muss een sou och probéieren Distanz ze halen a sech de Leit hier Problemer net ze vill zu Häerzen ze huelen. Wat war fir dech mat déi gréissten Erausfuerderung bis lo beim Projet?

CUT 5

Fir eis ass et dacks schwéier sech virzestellen, wat des Leit erlieft hunn a wéi et ass vun haut op muer säin Doheem ze verléieren, an en neit Land ze zéien a komplett friem Leit ronderëm sech ze hunn.Den E-Hub Projet ass e Projet, deen et esou nach net gouf an erméiglecht de Flüchtlingen en normalen Alldag ze féieren, während deems si op hiren Asylantrag waarden. En ass awer natierlech och op d'Hëllef vu Spenden a Fräiwëllegen ugewisen. Dir kennt och mat enger Kleederspent, engem klengen Don oder mat äre fräiwëllegen Hänn de Projet ënnerstëtzen an esou wéi de Mick dozou bäidroen e positiven Afloss op déi dramatesch Situatioun hei ze hunn.