Technik verléiert séier u Wäert, ma bei alen Handyen ass dat anescht. Et gi puer Apparater, mat deenen een haut nawell e gutt Geschäft ka maache wann een se verkeeft. De Loïc Juchem huet sech déi rar Stécker emol ugekuckt.

14/08/2019 Al Handye gewannen u Wäert

Et ginn eng Partie Modeller, déi nach puer 1000 Euro wäert sinn an déi natierlech bei de Sammler richteg beléift sinn. Am meeschte Sue kann ee maache wann een d'original Këscht nach huet.
1) Motorola DynaTac 8000x, sou heescht de Pionéier ënnert de Smartphonen  . Wann een e gesäit, dann erënnert en éischter un en Apparat aus der Steenzäit, ma et ass awer deen éischten Handy, deen et gouf. 1973 huet Motorola e patentéiere gelooss, ma eréischt 10 Joer drop konnt een e kafen, dat fir 400 US-Dollar. 800 Gramm ass e schwéier, den Akku huet eng Stonn gehal a fir en opzelueden huet en 10 Stonne gebraucht.
Déi éischte Kéier telefonéiert huet de Martin Cooper, de Papp vum Handy, deemools aus de Stroossen vun New York a seng éischt Wierder waren:

-Joel, I'm calling you from a cellular phone, a real celullar phone, a handheld, portable cellular phone.
-Joel, ech ruffen dech vun engem Handy aus un, e richtegen Handy, een deen een kann an der Hand halen, een deen ee souguer kann mathuelen.

Um Display huet een och just Ziffere gesinn a wann ee sou en Apparat wollt hunn, dann huet een 1 Joer misse waarden.
Haut kann een den Handy net méi benotzten, ma de Präis de klëmmt awer ëmmer nach. Aktuell kritt een en fir ronn 5000 Euro.
2) 2007 war et eng richteg Sensatioun wéi de Steve Jobs den éischten Iphone presentéiert huet. Och ënnert dem Numm Iphone 2G kennt een den Handy, fir 4 GB Späicher huet een deemools misse 404 Euro bezuelen. Technesch kann deen doten iPhone haut natierlech net méi mathalen, ma d'Sammler si frou mam gudde Stéck a kafen en fir e Präis tëscht 2000 an 3000 Euro.
3) De Nokia 8110 koum 1996 op de Maart a gouf virun allem duerch de Film ,,Matrix'' bekannt. D'Slider-Funktioun, also amplaz den Handy opzeklappen huet een elo ugefaangen en opzedrécken, an de spezielle Look ware fir déi Zäit revolutionär. Fir bësse manner wei 1000 Euro krut een de Nokia. Wann een deemools sou ee kaf huet, dann hat sech dat gelount, well haut ass en bal 3 mol sou vill wäert.
Iwwerhaapt ass Nokia gutt vertruede wann et ëm Raritéite geet. Dorënner fält och den Nokia 3310. Et war ee vun de beléifsten Handyen aus de vergaangene Joren. 2000 koum en eraus an et war ee vun den éischten Apparater, wou ee konnt méi laang SMSen schreiwen a verschécken. Well vill Leit deen Handy hate respektiv hunn, ass en och just mat Verpackung an am ongenotzten Zoustand eppes wäert. Tëscht 200 an 300 Euro kann een nach fir en alen 3310 vun Nokia kréien.
4) Och Samsung huet sech un engem Matrix-Film inspiréiert an huet de Samsung SPH-N270 erausbruecht. E futuristeschen Handy, deen zanter 2003 säi Wäert verduebele konnt an deen een haut fir ronn 700 Euro kafe kann.
Elo geet et drëms dës Raritéite bei sech doheem ze fannen an esou vläicht nach puer Suen ze maachen. D'Chancen déi sti gutt, Statistike soen datt et zu Lëtzebuerg ronn 140 Handye op 100 Awunner ginn. Nach besser stinn d'Chancen an de Vereenegten Arabeschen Emirater, do hunn se der 336 op 100 Awunner.