De Summerhit dësst Joer kënnt vun engem Kanadier, an enger gebierteger Kubanerin. Am Videoclip vum Song gëtt och ganz passionéiert gedanzt an et kënnt een sech méi no. Alles dat, inklusive Schéint Wieder sinn d'Ingredient'e fir de perfekte Summerhit...

09/08/2019 Summerhits 3 (2010-2019)

'We No Speak Americano' Dat war de Summerhit 2010 vum Yolanda Be Cool an hirem Produzent DCUP. Den Text stoung hei net am Fokus, méi wéi 9 Sätz waren net dran... awer de Beat... dee war net schlecht.

Ween sech spontan un e rumänesche Summerhit erënnere soll, deen denkt wahrscheinlech un Dragostea din Tei vun O-Zone. Ma och d'Alexandra Stan kënnt aus Rumänien an huet 2011 mam 'Mr. Saxobeat' am Summer d'Charts gestiermt. 

Nach méi schwedesch Musek an nach méi Nimm déi een net ausschwätze kann: Lykke Li huet 2012 mat 'I Follow Rivers' d'Musekswelt mam Summerhit begléckt. 

Dem Avicii säin 'Wake me up' wat viru 6 Joer vu kengem Radio fort ze denken. De Summerhit 2013 war och den definitiven Duerchbroch fir de schwedeschen DJ a sollt och säi gréissten Hit bleiwen. Am Abrëll ass den Tim Bergling - sou säi richtegen Numm, nämlech am Alter vun 28 Joer gestuerwen. 

Nach en aneren DJ, deen net nëmmen e Summerhit gestallt huet, ma och weltwäiten Erfolleg huet, ass de Robin Schulz mat 'Prayer in C'. Duerch säi Remix ass den Titel vu Lilly Wood & The Pricks eréischt richteg bekannt ginn.

en Hamburger eruewert d'Musekswelt. Mat sengem Remix vun "Cheerleader" ass de Felix Jaehn am Joer 2014 berühmt ginn. Beim Summerhit 'Ain't Nobody' krut en Hëllef vum Jasmine Thompson. De Song ass awer net aus der Fieder vun der Britin ma e Cover vun Chaka Khan.

Déi Francophon-komoresch Soulsängerin Imany, déi mat biergerlechen Numm Nadia Mladjao heescht, war fir de Summerhit 2016 responsabel. 'Don't be so shy' gouf an der Remix-Versioun vum russeschen Duo Filatov & Karas e richtege Succès. Op mannst mol an Europa.

Beim Summerhit 2017 gouf et absolut keen Zweiwel. 'Despacito' vum Luis Fonsi war e weltwäite Summerhit, an ass bis haut de meescht-gekuckte Video op Youtube mat iwwer 6 Milliarden Opriff.

Hien hat d'lescht Joer de Summerhit ofgemixt: Den Dj Florent Hugels, deen dem El Profesor säi 'Bella Ciao' zum Superhit gemaach huet, woubäi och den Asaz vum Lidd an der Netflix-Serie Casa de Papel e groussen Deel dozou bäigedroen huet.

De Summerhit dëst Joer, wéi schonn ugekënnegt, dee kënnt vum Shawn Mendes an der Camila Cabello, an heescht 'Señorita'. Dëst huet, grad wéi all Joers d'GfK Entertainment bekannt ginn. Qualitéitscritère sinn dobäi eng liicht summerlech Melodie an natierlech och den Erfolleg an den Charts.