Hutt der schonn emol vun T-Shirten aus Holz héieren? Op alle Fall huet eng Start-up aus Däitschland dëse Produit rezent op de Maart bruecht. Eng ganz Rei Produite bidde si bis ewell schonn un an och an Zukunft hofft een ëmmer méi grouss ze ginn. De Loïc Juchem huet sech déi T-Shirte mol ugekuckt an och mat de Grënner vun ,,Wijld'' geschwat.

19/08/2019 T-Shirten aus Holz

2015 huet ee fir déi éischte Kéier driwwer nogeduecht, eppes ze entwéckele wat nohalteg a fair produzéiert gëtt. D'Ziel ass et iergendwann ewech vun enger Gesellschaft ze kommen, déi permanent nei Saachen, déi een eigentlech net brauch, keeft.
Et hat een eigentlech och net d'Intentioun sech an der Kleederindustrie ze etabléieren, ma dat wier op eemol esou komm. En T-Shirt aus Holzfaseren ze produzéieren, wier nämlech guer net esou schwéier. Ronn 1 Joer huet een drun geschafft an dunn war ee lancéiert.
En T-Shirt aus Holz, klengt onbequem, ass et awer guer net.
Deen éischten T-Shirt krut een dunn 2016 ze kafen. Mëttlerweil ass d'Gamme scho méi grouss ginn an nieft T-Shirte kritt een och Pulloveren, Sweatshirten, a geschwënn och Poloen.
Wann ee fir Nohalteg an Ëmweltfrëndlech steet, da muss een sech natierlech och beméien esou ze produzéieren. Ënnert anerem schaffen si mat Betriber aus Portugal zesummen. Et schafft ee bannent der EU, fir kuerz Transportweeër ze hunn an an der Noperschaft ze bleiwen.
Haut ginn et och vill aner Marken déi Kleedungsstécker aus Biokotteng ubidden, ma ,,Wijld'' sinn awer déi eenzeg, déi Kleeder aus Holz verkafen.
Virun allem grouss Markenhaiser, déi bëlleg Kleeder verkafen, leeë kee Wäert op eng Produktioun, wou et och deene Leit, déi produzéiere gutt geet. Natierlech ass esou een T-Shirt vun ,,Wijld'' méi deier wei een deen a Südostasien, Vietnam, Laos, Kambodscha produzéiert ginn ass. E Kleedungsstéck fir 2 Euro ze verkafen, wier net realistesch wann een anstänneg produzéiert. Hien géing awer och mierken, dass d'Demande do ass an ëmmer méi Leit och fair Kleeder géinge wëllen. Och fir de Köln Marathon am Oktober, hunn sinn déi offiziell T-Shirte gemaach. Trotz enger grousser Produktioun, ass een och hei dem Konzept vun ,,Wijld'' trei bliwwen an huet frëndlech produzéiert.

Iwwregens wann een 1 Kilo Kotteng hierstellt, brauch ee ronn 12 000 Liter Waasser an 1 Liter Chimie. Pro T-Shirt, deen ee vu Wiljd keeft spuert een, am Verglach mat engem konventionellen T-Shirt, 1000 Liter Waasser, 150 mml Chimie a ronn 700 Gramm C02.