100 Kilometer a 24 Stonnen! Et weess et net wat méi schlëmm kléngt, 100 Kilometer ze goen oder a 24 Stonnen ukomm ze sinn. Fir déi éischte Kéier war och eng offiziell Lëtzebuerger Delegatioun mat 20 Wanderer den 9. August mat un de Start an der Belsch gaangen, dorënner de Romain Buschmann, President vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun.

19/08/2019 Den ''Dodentocht'' zu Bornem

Eng 65 Participanten waren 1970 mat un de Start gaangen an haut sinn et eng 13.000 Wanderer, déi sech beim Dodentocht, dat näischt anescht heescht, wéi Doudesmarsch umellen.

Et huet ee 24 Stonnen Zäit fir déi 100 Kilometer hannert sech bréngen. Dëst Joer war et dann déi 50. Editioun an déi hat immens vill Leit ugelackelt. Nieft der Lëtzebuerger Wanderfederatioun, waren nach anerer Lëtzebuerger matgetrëppelt.
Ëm 9 Auer Owes war de Startschoss gefall, wéi déi 13.000 Marcheuren zu der Musek vun AC/DC an d'Nuecht eragaange sinn.

Op deenen 100 Kilometer goufen et eng 16 Statiounen, bei deenen een eppes ze drénken oder ze iesse krut; eng 1.300 Benevoller sinn op där Marche am Asaz an d'Atmosphär, déi beim Dodentocht ass, wier net mat Wieder ze beschreiwen.

Déi leschte Woch war de 15. August och den nationale Wandersportdag zu Lëtzebuerg, dës Kéier zu Iechternach um Séi.

Weider Detail erop