Aluminium am Deo wier schlecht! Dat héiert ee méi dacks an dofir soll een déi op der Säit loossen. Mä wéi ass et da mat deene Kaffiskapselen, Grillschosselen an natierlech Aluminiumspabeier, déi dach nach an den Asaz kommen? Sou oder sou, kritt een Aluminium net vum Teller ewech, d'Marie Gales erkläert.

20/08/2019 Liichtmetall op eisem Teller?

Well een dëst Liichtmetall och an Iesswuere fënnt wéi Champignonen, Zalot, Spinat an am Drénkwaasser souguer. Och am gedréchenten Téi kann ee méi héich Konzentratiounen Aluminium fannen wéi och an de Gewierzer.  Dës sinn awer elo kee Problem fir eis Gesondheet;
Déi natierlech Belaaschtung beim Uebst a Geméis läit bei ënner 0.5 Milligramm pro Kilogramm, also bedeit dat elo kee Risiko, de Patrick Hau vun der Sécurité alimentaire.
Bedenklech sinn Quellen, déi een evitéiere kéint, wéi och d'Awéckele vu geschniddenem Uebst oder marinéiertem Fësch an Aluminium, dat soll een evitéieren. Och wien Äppeljus aus Aluminiumfläschen drénkt, déi net beschicht sinn oder fir ze baken a kachen Dëppen oder Blecher aus dem Material benotzt, setzt sech enger méi héijer Dosis aus. Kaffiskapselen si banne lackéiert, net bekannt ass wat geschitt wann d'Beschichtung futti ass. Also och do oppassen.
Aluminium kann eng toxesch Wierkung op eisen Nervesystem hunn. Och wann de groussen Deel, dee mir mat der Nahrung ophuelen, net am Kierper lagert, ka sech Aluminium am Laf vum Liewen a Knachen, Muskelen a Gehir sammelen. E puer Fuerscher bréngen erhéichte Wäerter mat Alzheimer a Verbindung. Do ginn et nach aner Metall-Belaaschtungen, déi d'Wierkung vum Aluminium kënne beaflossen. Dat huet een zum Beispill am Fall vun Alzheimer Patienten erausfonnt, bei deenen nom Dout erhéichten Aluminium Konzentratiounen am Gehir nogewise goufen, sou den Ëmweltmedezinner Roby Thill

Net vergiessen Aluminium ass och a Laserprinteren ze fannen, ganz bedenklech, grad sou an der Kosmetik, dann Antitransparenten also Deoen an a Medikamenter. Diskussiounen ëm d'Deoen kennt een, do ginn et zanter Joeren Diskussiounen, dass d'Aluminiumsalzer de Broschtkriibs Risiko erhéije géifen? Eng britesch Fuerscherin koum do zu interessante Resultater komm, ënner anerem wéi d'Broschtzellen op Aluminiumsalzer reagéieren, wéi d'Gynekologin Dr Hilly Kessler erkläert.
Och wann de Beweis nach ausbleift, dass dëst kéint Broschtkriibs ausléisen, sinn se schiedlech fir d'Broschtzelle a vill Doktere roden dofir of Deo mat Aluminumchlorhyd ze benotzen.