Zauberchampignonen mat Rauschwierkung veränneren d'Perséinlechkeet méi laang wéi ugeholl. An enger Etüd hu Psychologen d'Effekter och nach no engem Joer no engem Pilztrip nogewisen. Psychopilzer fuerderen d'Oppenheet - a kënnen therapeuteschen Notzen hunn. 

22/08/2019 Magic Mushrooms - Halluzinogen Pilzer als nächst grousst Geschäft

Fir t'éischt wär et e liicht kribbelen am Mo, bal net ze mierken, an no enger hallwer Stonn geet et lass. De Kierper fänkt un eng Héngerhaut ze kréien an et huet ee d'Gefill d'Tapéit géing an der Mauer verschwannen. D'Mustere fänken un sech ze beweegen a fléissen aneneen. Faarwe fänken un ze schmaachen a Vullegezwitscher gëtt zu engem reegelrechte Symphonieorchester, sämtlecht Gefill fir Raum an Zäit schéngt opgeléist. Réischt no 3 bis 4 Stonne kënnt d'Gefill fir d'Realitéit nees zeréck- den Trip ass eriwwer. Esou ass et an engem Bericht vun engem Psychonaut ze liesen, deen seng Erfarungen vun engem Mushroomtrip niddergeschriwwen huet. De Psycholog Dr. Carlos Paulos an Direkter vu 4Motion huet De Projet Pipapo an d'Liewe geruff fir jonk Mënschen iwwert de Gebrauch vun halluzinogene Substanzen opzeklären.
   
Verstäerkte Siicht an extrem Liichter: den direkten Effekt vun hallozinogene Champignonen hält nëmme puer Stonnen, ma a Wierklechkeet hätt en et an sech, esou Fuerscher vun der John Hopkins University Maryland. D'Perséinlechkeetsverännerung ass bei Erwuessenen och nach no engem Joer miessbar. Nodeems d'Legaliséierung vum Cannabis och an Nordamerika scho wäit fortgeschratt ass, kënnt elo mat de Magic Mushrooms eng weider Drog op den Dësch. Déi halluzinogen Champignone mam Wierkstoff Psilocybin si virun allem als Rauschmëttel bekannt, gëllen awer och als medezinesch an therapeutesch Hoffnungsdréier, dat virun allem an der Behandlung vun Depressiounen, Stress Symptomer oder Suchtproblemer.

Mëtt de 50er wéi Psiloen am Weste wëssenschaftlech analyséiert, a bis Enn de 60er d'Kontrollen agefouert goufen, si virun allem am psychiatresche Beräich Etüden an Therapie mat Psilocybin oder LSD gemaach ginn, wou haaptsächlech an der Alkoholtherapie an och bei Leit déi op aner Behandlungs-Methoden net reagéiert hunn, positiv Resultater ervirgoungen. Am Oktober lescht Joer huet d'Food&Drug Administration enger gréisserer Etüd iwwer Psilocybin bei resistenten Depressiounen de Status vun enger Breakthrough Therapy iwwerreecht. Esou en halluzinogenen Trip sollt een awer elo net eleng maachen.

Halluzinogenen op eege Verantwortung an ouni Begleedung anhuele ka méiglecherweis Angschtzoustänn ervirruffen, virun allem bei psychesch labile Leit mat niddreger Energie. Och bei psychesch gefestegte Leit kënnen Nierwewierkunge wéi Schwindel, an Iwwelzegkeet optrieden. Och wann halluzinogen Pilzer zanter Joerdausenden zur Kulturgeschicht vum Mënsch gehéiere, ginn se fehlsozialiséiert a sinn als Tabuthema negativ markéiert. Op psychedelesch Champignonen eng Drog sinn, ass eng Fro déi wahrscheinlech och duerch d'Suite vun der eesäiteger Drogepropaganda nach wäert opbleiwen.