''Riedele hu sech weltwäit verdräifacht'', dës ellen Informatiounen huet d'WHO rezent bekannt ginn. An den éischte 6 Méint vun dësem Joer hu sech op der ganzer Welt sou vill Mënschen mat de Riedelen infizéiert wéi déi lescht 10 Joer net méi. Klore Grond ass op Mënschen zréck ze féieren, déi net geimpft sinn. Eng Nouvelle, déi engem an enger dach sou globaliséierter Welt ferm ze denke gëtt, Marie Gales

21/08/2019 Riedele weltwäit verdräifacht

Tëscht Januar an Enn Juli 2019 goufen an 182 Länner eng 365.000 Fäll vu Riedele registréiert, knapp 3 mol sou vill wéi am gläichen Zäitraum wéi virun engem Joer a méi wéi am ganzen Joer 2018, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun zu Genf matgedeelt. Dass een dat net op d'liicht Schëller dierf huelen, erkläert den Dokter Pierre Weicherding, Chef vun der Division Inspection Sanitaire.

Riedele weltwäit verdräifacht 1

Souguer an eise Géigenden ginn et méi Fäll vu Riedelen an och Lëtzebuerg, wou nawell vill Mënschen geimpft sinn, goufen et méi dacks nees Riedelen.

Riedele weltwäit verdräifacht 2

D'Riedele ass eng vun den ustiechendste Krankheeten.

Riedele weltwäit verdräifacht 3

De Kranken houscht an néitscht a stéisst Drëpsen aus a wann en aneren déi anotemt oder domadder a Kontakt kënnt, dann ass een ugestach, wann en net immun ass. No 7-10 Deeg brécht se dann aus an da geet et u wéi bei enger Erkältung

Riedele weltwäit verdräifacht 4

Iwwregens et kann en net vill maache wann een dann d'Riedelen huet, et ass eng Virusinfektioun, déi huet hire Verlaf

Riedele weltwäit verdräifacht 5

Eigentlech sollte d'Riedeleviren am Fong net méi ginn bis 2020, dat hat sech d'WHO zum Zil gesat. Ufanks war dat och gutt ëmgesat ginn, bis dunn nees méi Ausbréch vun der Krankheet gemellt goufen

Riedele weltwäit verdräifacht 6

D'WHO huet dës Net-Impfe wëllen dann och als eng global Gesondheetsbedrohung uginn. Ee vun den Argumenter vun den Impfgéigner ass dee vun den Niewewierkungen

Riedele weltwäit verdräifacht 7

Zu Lëtzebuerg gëtt et zur Zäit keng Impfflicht, dat wier net néideg well den Impftaux relativ héich ass. Déi meeschte Kanner si geimpft, well hire Pediater och dofir suergt dass dat mat den Impfungen an der Rei ass.
Wann ee säi Kand awer net impfe léisst, soll ee wëssen, dass een an enger Maison Relais oder Crèche ganz schwéier oder guer net erakënnt, vill Haiser maachen dës Impfung zur Obligatioun aus Schutz virun deenen anere Kanner an Erwuessenen.
Iwwregens d'Demandeurs d'Asyle zu Lëtzebuerg ginn direkt en Charge geholl; wann déi op Lëtzebuerg kommen, gi si vun der Inspection sanitaire gesinn a wann néideg och geimpft.