1983 huet de Schrëftsteller, Politiker an Editeur Cornel Meder fir d’éischt d’Kulturzäitschrëft “Galerie” erausginn. Fir e sëlleche jonk Auteure war d’Galerie eng Méiglechkeet fir hir Texter ze publizéieren an esou engem méi grousse Public zougänglech ze maachen. Nom Doud vun hirem Papp am Juli 2018  hunn de Charles an d’Françoise Meder decidéiert fir d’Zäitschrëft op d’mannst nach fir 2 Ausgabe weiderzeféieren. D’Bea Kneip huet d’Detailer.

22/08/2019 Lecture vun heiheem: D'Kulturzäitschrëft "Galerie"

Déi neisten Ausgab vun der Kulturzäitschrëft Galerie leet de Schwéierpunkt reng op literaresch Texter. Net manner wéi 28 Auteuren an Autorinnen hunn doru matgeschafft, dorënner ganz bekannten Nimm wéi Nico a Guy Helminger, Pol Greisch, Margret Steckel, Jhemp Hoscheit oder Nora Wagener.  E richtege Querschnëtt vun der Lëtzebuerger Literaturzeen.
Et sinn alles confirméiert Auteuren, deen een oder aneren kënnt awer och aus der Grenzregioun an ass dowéinst nach zu Lëtzebuerg manner bekannt. Wat d’Texter ugeet krute si fräi Hand gelooss, et gouf just eng eenzeg Konditioun: et sollten Texter sinn, déi nach net virdrun verëffentlecht goufen.
Vill Texter goufen deemno extra fir dës Ausgab vun der Galerie geschriwwen, et fënnt een awer zum Beispill och dem Jean Back säi „European Clouds“ mat deem e beim 10ten Anniversaire vum europäesche Literaturpräis ex aequo mam Gast Groeber ausgezeechent gouf, oder en Extrait aus dem neien onverëffentlechte Roman vum  Nico Helminger.  
Et ass wierklech vun allem dobäi an domat ass dëst klengt Heftchen och eng exzellent Geleeënheet fir all Mënsch dee sech en Iwwerbléck iwwert déi zäitgenëssesch Lëtzebuerger Literatur wëll verschafen. Fir grad emol 15 Euro kritt een eng Anthologie mat 28 Texter déi alleguer eng zolitte literaresch Kalitéit Opweises hunn. Eigentlech ass et jo schued, dass et d'Zäitschrëft Galerie geschwënn net méi wäert ginn
Nieft senger eegener literarescher Aarbecht bleift dem Charel Meder net genuch Zäit fir d'Galerie an dëser Form weiderzeféieren. Hie wëll awer e méigleche Comeback net ganz ausschléissen
De Charles an d'Françoise Meder hunn dës Nummer an Zesummenaarbecht mam Franck Colotte an dem Armand Logelin realiséiert. Villäicht geléngt et hinne jo fir d'Galerie mat neiem Elan ze relancéieren.