Déi dinn ewell net méi nëmme Prominenter un. Vill Fraen, déi eppes op sech halen, setzen op déi sougenannt Wimpereverlängerung. Allerdéngs geet et net duer sech se oppechen ze loossen. Et muss een och reegelméisseg dono kucken.

Déi kënschtlech Wimperen kommen op d'Naturwimperen. De Virdeel ass, dass déi Wimperen e puer Wochen halen, esou d'Estheticienne Gabi Timmermann:

23/08/2019 Wimperen 1

Mat engem spezielle Pech ginn d'Wimperen opgesat, deen och normalerweis jidderee gutt verdréit. An den éischten 48 Stonnen soll kee Waasser dru kommen, fir dass déi kënschtlech Wimper sech optimal mat der natierlecher ka verbannen. An et soll ee keng Produiten benotzen an deenen Ueleg dran ass.

23/08/2019 Wimperen 2

Et ass also ganz wichteg och déi falsch Wimperen ze fleegen a propper ze halen. Soss kann et zu Irritatiounen oder esouguer Entzündunge kommen. Et soll een och reegelméisseg mat enger Biischt doduerch fueren. Fakt ass: Wimpereverlängerungen si voll am Trend, esou d'Chefin vum Institut 'Gabissimo':

23/08/2019 Wimperen 3