Den Amazonas brennt! D'Dimensioune si gewalteg. A Brasilien sinn den Ament déi schlëmmste Bëschbränn zanter Joerzéngten. Honnerte vu Quadratkilometerrn vum Amazonasgebitt brennen nordwestlech vu Sao Paulo an och de Paraguay a Bolivien si betraff, Michèle Schons?

23/08/2019 Den Amazonas brennt

D'Zuele vum Raumfaart-Fuerschungszentrum Inpe sinn erschreckend. Iwwer 70.000 Bränn am Amazonas sinn dëst Joer scho registréiert. D'Zuel vun de Bränn ass am Verglach zum leschte Joer iwwer 83% geklommen.
Net nëmmen aus dem Weltall sinn d'Bränn däitlech z'erkennen, ma entretemps ass den Damp esou staark, dass en den Himmel iwwer Sau Paulo komplett däischter gemaach huet.

Laut de Fuerscher sinn d'Ausléiser vun de Bränn déi illegal Ofholzungen a Brandrodungen. "An 99,9% vun de Fäll kann ee soen dass d'Ursaach mënschlech Aktivitéit war, express oder net".  - esou den Alberto Setzer, Coordinateur vum Programm fir d'Iwwerwaachung vun de Bränn. Et wär Suite vu schlechtem Wëllen, dee mat Lidderegkeet an Ignoranz verbonnen ass.
D'Situatioun ass den Ament ausser Kontroll, an a verschiddene Regiounen ass den Noutstand ausgeruff, d'Bränn hunn net nëmme Konsequenze fir d'Mënschen op der Platz, ma fir d'ganz Welt, well déi gréng Long, d'Klimaanlag vun eisem Planéit ass. Den Amazonas reguléiert duerch seng Gréisst d'Temperatur an der südlecher Hemisphär, wat och en Impakt op déi nërdlech Hemisphär huet. Wichteg ze soen ass och dass den Amazonas d'Heemecht vun 20% vun de Spezies ass, déi op der Äerd existéieren. Den André Guimaraes vum IPAM, dem Amaozon Environemental Research Institute huet dëst viru kuerzem an engem Interview op BBSN erkläert:

"Mir hu Liewen op dësem Planéit zanter 3,5 Milliarde Joeren an 20% vun de Solutiounen déi d'Natur offréiert dass et iwwerhaapt  Liewen op dësem Planéit gëtt, leien am Amazonas. Haut ass den Amazonas wichteg, well e Waasser liwwert, en ass wichteg, well 30 Millioune Leit do liewen, dovunner eng hallef Millioun indigene Vëlker, mat ënnerschiddlechen Hannergrënn an enger ënnerschiddlecher Kultur oder Sprooch. et ass also net nëmme fir d'Kultur wichteg, fir d'Ëmwelt an d'Waasser, ma en ass och wichteg fir d'Biodiversitéit, well e vläicht Solutioune fir d'Nahrung, oder d'Medezin an der Zukunft liwwert, déi am Amazonas ze fanne sinn."          

D'Planze vum Reebësch bannen all Joer méi wéi 2 Milliarden Tonnen CO2. Wat méi Beem niddergebrannt ginn, ëmsou manner Kuelendioxid aus der Atmosphär ofgebaut gëtt. Eng katastrophal Suite fir de Weltklima.
Wéineg besuergt iwwert d'Bränn ass den ultrarietse brasilianesche President Jair Bolsonaro, deen an der lescht schonn immens an der Kritik war, well en d'Amazonas Gebitt fir den Industriellen Ofbau wëllt fräi ginn. Ween dat kritiséiert mécht sech anscheinend och selwer zum Feind: De Bolsonaro geet den Ament esou wäit, dass en Ëmweltschützer fir d'Bränn wëllt responsabel maachen a seet well hinnen d'Geld feele géing an se dowéinst géint hie perséinlech an de Krich ginn. Esou eng Behaaptung ass irresponsabel, esou de President vum Institut fir Ëmweltschutz Carlos Bocuhy. Och Greenpeace deelt aus: Wat d'Regierung domat bezweckt ass vun der Eegeverantwortung oflenken. Well d'Responsabilitéit, d'Ofholzen, d'Ëmweltverbriechen um Amazonas hätten Numm an Adress: D'Regierung Bolsonaro.