Stellt iech vir dir stitt op enger wonnerschéiner Plage a Südengland a freet iech iwwert déi schéi rau Landschaft. An da stellt der op eemol fest dass d'Steng, iwwert déi der gäre buerbes bis an d'Mier spadséiert, aus Plastik sinn.... Ëmweltschützer hunn am Cornwall eng onméiglech Decouverte gemaach, Michèle?

26/08/2019 Plagen an England si voll Plastiks-Steng

Plastik... de genee esou ausgesäit wéi kleng Steng. An Zäit wou grad iwwerall d'Ausmoossen op d'Ëmwelt vu mënschlechem Versoen un d'Dagesliicht kommen, ass dat hei net wierklech verwonnerlech. D'Fuerscher hu lo bedenken, dass iwwerall Plagen op der Welt mam Plastik verseucht sinn, deen een net direkt op den éischte Bléck erkennt. 
Zanter engem Joer fuerscht den Dr. Andrew Turner vun der Universitiy of Plymouth dëse Phenomen, dee Pyroplastik genannt gëtt. Et handelt sech hei ëm Plastiksoffall, deen duerch staark Witterung an duerch Verformung, Verfierwen a Verbrennung ausgesäit wéi en normale Steen.
An engem rezenten Artikel iwwer Pyroplastik beschreift den Turner och d'Gefor, déi vun de Plastikssteng ausgeet: Well se eng immens Ähnlechkeet mat geologeschem Material opweisen, kann een et net direkt als Plastik erkennen. Et kéint dowéinst gutt sinn, dass d'Quantitéit vun dem Plastik, deen do un d'Plage gespullt gëtt, wäit ënnerschat gëtt. Dat bedeit konkret dass während de Plastiksoffall normalerweis liicht z'erkennen ass, et elo hei awer eng komplett onbekannte Form vu Plastiksoffall gëtt, deen ongestéiert an d0Mier kënnt. Dat bedeit dann nach méi Mikroplastik, dee vun de Mieresbewunner, a schlussendlech och vum Mënsch opgeholl gëtt. Op dëse Phenomen sinn Ëmweltschützer opmierksam ginn, déi d'Plage wollte botzen an op eemol Steng fonnt hunn déi um Waasser schwammen. Laut dem Fuerscher sinn dausenden där Steng fonnt ginn.   
Wéi genee déi Schäin-Steng entstinn a sou se hierkommen, ass bis elo nach net gekläert. D'Wëssenschaftler ginn dovun aus dass se bei der Verbrennung vu Plastik entstinn a kéinten aus dem Äermelkanal, esouwuel wéi och aus der Karibik ugeschwemmt gi sinn. Där Steng goufen de Fuerscher och aus e puer Deeler vun der Welt zougeschéckt, ënnert anerem och aus Schottland, Irland, Spuenien an souguer Kanada. Also kéinten se theoretesch iwwerall ze fanne sinn.