Och Péiteng gouf vum Tornado virun 2 Woche getraff. Vill Mënschen hu vill verluer an dofir ass dëse Samschden zu Péiteng e Concert fir Suen ze sammelen fir all déi, déi duerch deen Tornado vill Schued haten.

23/08/2019 Concert fir de gudden Zweck

D'Péitenger Gemeng invitéiert de 24. August 2019 um 15 Auer op de Benefizconcert fir d'Affer vum Tornado z'ënnerstëtzen.

Um Samschdeg, 24. August 2019, organiséiert d'Gemeng Péiteng e Concert fir de gudden Zweck fir den Affer vum Tornado ze hëllefen. Et geet um 15 Auer un an dauert bis 22 Auer owes.

Ze gesi wäerte sinn: De La Mancha, Heavy Petrol, Bastards and Friends mam René Cavallini a René Macri, Yves Schulte, Lata Gouveia an d'Charity Blues Band.

Wann Dir en Don maache wëllt kënnt Dir dat op dës Konte maachen:

Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng
BILL LU27 0026 0100 6485 5800

Käerjeng Hëlleft
CCPL LU78 1111 7024 7295 0000