392 Hoteller an eng ronn 1785 Restauranten sinn op Tripadvisor fir d'Land Lëtzebuerg registréiert. Tripadvisor ass mat ee vun de bekanntsten Internetsitten, wat Bewäertungen vun Hoteller, Restauranten, awer och vu Fräizäitaktivitéiten ugeet. Et deelt ee seng Erfarung als Konsument, ob positiv oder negativ. Ma wéi wichteg ass et fir Hotelieren a Restaurateuren op dësem Site vertrueden ze sinn?

21/08/2019 Wéi wichteg ass Tripadvisor fir Hoteller a Restauranten?

Nach ni war et sou einfach seng Meenung mam ganze Rëscht vun der Welt ze deelen, wéi an Zäiten vum Internet. Ob se elo positiv oder negativ ass. Op Tripadvisor fënnt ee Bewäertungen vu Leit, déi schonn eemol an deem Restaurant giess hunn oder an deem Hotel geschlof hunn. Ma fir d'Betriber sëlwer wier et awer net nëmme vu Virdeel op sou engem Site ageschriwwen ze sinn, seet den François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.

Et misst ee nämlech wëssen, dass net all Commentaire um Tripadvisor, och wierklech vun engem reelle Gaascht ass.
Ma falsch Commentairen ploen awer den Hotelier oder de Restaurateur selwer.

Den Ament kéint ee sech als Betrib net wierklech dogéint wieren a wann, da géing dat immens héich Affekotskäschten mat sech bréngen. De Problem wier och net nëmmen hei am Land oder an Europa bekannt, ma op der ganzer Welt. Et wier un der Zäit, dass sech Legislatioun géing änneren. Well net nëmmen kromm Betriber kéinte vun Tripadvisor profitéieren, ma och Konsumenten, déi net éierlech sinn.

Mécht een als Konsument dann awer mol eng schlecht Erfarung, da misst een awer fir d'éischt emol iwwerleeën, wat genee engem net gefall hätt, ier een en negativen Commentaire géing ofginn.
An da wier et och um Betrib, fir op säi Client anzegoen, wann deen eng schlecht Erfarung bei Iech gemaach huet.

Egal wéi, d'Hotelieren, wéi och fir d'Restaurateure kënnen hautdesdaags, et bal net ëmgoen fir och online präsent ze sinn. Sief et iwwert hiren eegenen Internetsite, d'sozial Netzwierker oder eben och op engem Site, wéi Tripadvisor.