An den Top Ten vun de Schädlingen bei Rentokill si Mais ze fannen, Kakerlaken, Mécken, Raten, Fléi, Bettwanzen, Seechomessen, Dauwen, Holzwierm a Matten. Alles Déieren, déi een net wëll a sengem Haus oder op der Aarbechtsplaz hunn. Eng Entreprise, déi sech drop spezialiséiert huet dëst alles lass ze ginn, ass Rentokill. An déi hunn zur Zäit vill Aarbecht, Marie Gales!

22/08/2019 De Kammerjäger ruffen!

Elo am Summer gi Rentokill virun allem geruff, well vill Leit Ierger mat Bettwanzen an Harespele hunn. Fänke mir mat de Bettwanzen un, et kann een elo net vu Plo schwätzen, ma et sinn der méi do wéi soss. Viru Bettwanzen eekele sech vill Mënschen a fäerten direkt fir als knaschteg duerch ze goen, deem ass awer net sou. D'Nadine Ewert aus der Communicatioun vu Rentokill erkläert firwat een och bemol där Gedéiesch a sengem Bett kann hunn

60 Prozent méi Ufroen hu se bei Rentokill wéinst Bettwanzen, déi zwar keng Krankheeten iwwerdroen, mä et kann een allergesch drop reagéieren a si schwéier ze gesinn.

A et wier och net sou einfach, déi nees eraus ze kréien. Bei Rentokill hu se e puer Methoden fir se ze eliminéieren.

Ma et gëtt awer nach eng aner Methode fir nach méi gezielt ze schaffen.

Bei Rentokill mierke se och, dass Harespelnäschter net méi vun der Pompjee fortgeholl ginn, bei hinne rabbelt dowéinst dacks den Telefon.

Den Challenge géif bestoe fir Methoden ze entwéckelen, déi d'Ëmwelt net belaaschen mä awer och d'Gedéiesch dann och wierklech eliminéieren. Et kéint een net direkt soen, firwat et alt méi Gedéiesch gëtt wéi soss, mä wann e Wanter nawell mëll ass, dann iwwerliewe méi Insekten wéi zum Beispill och Harespelskinniken an de Summer drop ass dann och méi Gedéiesch ze fannen.

Natierlech komme se bei Rentokill wéinst all Gedéiesch a si ginn och mam Fortschrëtt. E Stéck Kéis an d'Mausfall gehéiert dach an d'Vergaangenheet, do setzt een elo éischter op digital Mausfalen.  Rentokill gëtt et op der ganzer Welt, et ass eng englesch Firma, déi och zu Lëtzebuerg vertrueden ass.