150.000 Follower huet de 25 Joer jonken Chris Baris op Instagram, Tendenz no uewen. Hien ass hallef Amerikaner an hallef Lëtzebuerger, deen hei am Land grouss ginn ass, an zanter 2014 zu Los Angeles wunnt fir säi groussen Dram vun der Schauspillerei ze verwierklechen.

22/08/2019 Chris Baris: E Lëtzebuerger Schauspiller, Model an Influencer zu L.A

De Chris Baris huet en ambitionéiert Zil virun Aen. Hien wëll Schauspiller ginn an net egal wou, ma direkt am Mekka vun der internationaler Filmindustrie, zu Hollywood, Los Angeles. Dat jonkt Talent ass sech bewosst, dass et net ganz einfach ass, an enger Stad, wou jiddereen den "American Dream" liewen wëll, Fouss ze faassen.

An Zäiten vu Social Media, wier et immens wichteg sech selwer schonn en Numm ze maachen. De Chris Baris huet dofir virun 5 Joer ugefaangen seng eegen Videoen op sengem Youtube Channel ze verëffentlechen an Fotoen vu sech op Instagram ze posten. Säi spezielle Look a seng multinational national Originen hunn ëm dobäi gehollef scho sou muncher Model-Job u Land ze zeien.

An Zukunft well de Chris dann weider als Model schaffen, ma seng eigentlech Leidenschaft bleift awer d'Schauspillerei. D'läscht Joer krut e seng éischt Roll an engem Horrorfilm zu Hollywood an dat war fir hien eng vun de beschten Erfahrungen a sengem Liewen.

Eng professionell Ausbildung als Schauspiller huet hien net, mee zanter e puer Joer hellt hien privat Coursen bei engem Schauspill-Coach an sammelt all Dag Erfahrung virun der Kamera, well en selwer Videoen fir säin Instagram oder You Tube-Channel produzéiert. Eenzegen Nodeel fir hien wier, dass en spéit domadder ugefangen huet.

Ma de Chris ass sech awer och bewosst, dass et ëmmer gutt ass och ee Back-up Plan ze hunn. Dofir wäert hien och an Zukunft weider als Model an Influencer schaffen, awer ëmmer mam Zil am Hannerkapp, fir eng kéier déi Roll ze kréien, déi säi Liewen fir ëmmer wäert veränneren.

Ëmmerhin huet de jonken Lëtzebuerger iwwer 100.000 Follower op Instagram, dovunner och vill Lëtzebuerger. Tendenz no uewen.

5 Joer laang war de Chris net méi zu Lëtzebuerg, ma an awer verbënnt en nach ëmmer vill mat senger aler Heemecht. An nächster Zukunft nees heem kommen, wier awer keng Optioun. Elo heescht et mol weider u senger Carrière als Schauspiller zu Hollywood ze schaffen.

Ëmmerhin, de Lëtzebuerger hat et gepackt, fir bis an déi läscht Ronn ze kommen fir een vun de Power Rangers am neie Remake vum Film ze ginn.