E Wierk vum André Øvredal.

24/08/2019 Film vun der Woch

Et gi Wochen, besonnesch am Summer wann d’Fouer ufänkt, ass et besonnesch schwéier fir en uerdentleche Film vun der Woch ze fannen. Dat ass deemno dës Woch de Fall, an ech hu mech mussen dréien a kéiere, fir mat SCARY STORIES TO TELL IN THE DARK eppes ze fannen, wat ech eventuell recommandéiere kann. Fir dëse Film eenegermoossen ze genéissen, muss ee schonn e Fan vum Grujelkino sinn, soss huet een tatsächlech besser, seng Suen op de Glacis ze droen. Do ass zwar de Popcorn méi deier, mä et gëtt ee wéinstens richteg gutt gerëselt.
Dem André Øvredal (2010 war hien de Regisseur vun “Trollhunters”) seng SCARY STORIES kann een am beschte mat engem Zitat vum James Bond ëmschreiwen: “Shaken, not stirred”. Wierklech gegrujelt hunn ech mech tatsächlech net am Film, ofgesi vun engem Moment, wou de Regisseur mech dach iwwerrascht huet a mer fir e kuerze Moment Dronkenellen ausgaange sinn. Mä eent nom aneren…

An enger Zäit, wou den Horror am Kino nach net grad sou grujeleg a virun allem bluddeg a vu Zombien iwwerlaf ware wéi haut, gouf et oft Filmer, déi méi wéi eng Geschicht erzielt hunn an zwar an Episodeform. Dat versichen d’Auteure vun dësem Film och, se baséieren hir Geschicht op Bicher vum Alvin Schwartz, déi 1981, 1984 an 1991 an Amerika erauskoumen, jeeweils e puer fantastesch Grujelgeschichten erzielt hunn a virun allem mat zimlech erschreckenden Zeechnunge vum Stephen Gammell illustréiert waren, déi de Jugendleche vun deemools nawell gutt gefall hunn. De mexikanesche Regisseur Guillermo Del Toro (ënner anerem responsabel fir THE SHAPE OF WATER, fir deen hien den Oscar an de Gëllene Léiw zu Venedeg krut) ass e vun de Produzente vu SCARY STORIES an hien huet och um Dréibuch matgeschafft. Et gouf versicht, verschidden Episoden an eng koherent Story ze verpaken, wat och méi oder wéineger gelongen ass, allerdéngs sinn d’Monstere méi iwwerzeegend wéi d’Story selwer.

D’Geschicht gouf an d’Joer 1968 verplanzt, also 13 Joer ier dat éischt Buch vum Schwartz erauskoum. Dat ass zwar net onbedéngt logesch, gëtt den Auteuren awer d’Geleeënheet, dem George A. Romero säin Zombieklassiker “Night of the Living Dead” an engem Drive-In Kino lafen ze loossen, dee Film, deen am Fong geholl de “modernen” Horrorfilm agelaut huet. Zur Story: Eng Grupp vu Jugendleche fannen an engem alen Haus, wou schlëmm Saache geschitt sinn, e Buch, dat et nawell a sech huet. Dat Buch schreift nämlech seng grujeleg Geschichte selwer, déi duerno dann och deene Leit passéieren, deenen hire Numm am Buch genannt gëtt. Dat kléngt eng Grimmel quokeleg, mä bon, iergendeppes Schlëmmes muss jo mat deene Jonken am Film geschéie fir datt déi Jonk an hirer Kinosfotell och eppes dervun hunn. Allze bluddeg geet et hei net zou, allerdéngs sinn e puer Kreaturen am Film, déi – wéi ëmmer beim Guillermo del Toro – nawell zimlech erschreckend sinn. D’Vulleschäich zum Beispill, oder och dat Monster, deen a Stécker fält an sech dann nees selwer zesumme setzt. D’Affär mat der Spann ass allerdéngs fir mech déi, déi am noosten un den Del Toro säi Genre vun Horror erukënnt, do huet mäi Mo och eng Grimmel gegrommelt. Datt ass fir mech och déi bescht Geschicht an engem Film, dee qualitéitsméisseg enger Achterbahn gläicht – et gëtt een zolidd hin an hier gerëselt, mä wann et eriwwer ass, huet een dat Ganzt séier vergiess.

Jemp Thilges