An Frankräich huet elo en Betrib en neit Ritual agefouert. All Moien gëtt zesummen 5-10 Minutten Sport gemaach fir sech op ze wiermen an waakreg ze ginn. Dat Bescht un der ganzer Saach: Wärend deenen Minutten, ginn d'Employéeën schonn offiziell bezuelt.

28/08/2019 Ass Sport virun der Schaff gutt?

De Fransous Fabrice Hermet huet missen feststellen, dass déi meeschten Aarbechtsaccidenter a sengem Betrib tëschent 8 an hallwer 9 moies geschéien. Seng Entreprise ass spezialiséiert op Produiten aus Beton a vill vu sengen Mataarbechter géingen virun allem kierperlech vill schaffen, well se zum Beispill schwéier Betonsplaquen hiewen missten. Fir deem entgéint ze wierken, gëtt sech elo all Moien am Grupp 5-10 Minutten opgewiermt. Dat wier immens wichteg, seet och d'Fitnesstrainerin, d'Mireille Rousseau.

Domadder ginn d'Muskelen opgewiermt an et kënnen Verletzungen evitéiert ginn.

Ma och fir Leit, déi éischter vill um Bureau sëtzen a sech manner kierperlech ustrengen, wier et gutt, scho moies frei säin Training ze absolvéieren.

Moies ass de Kierper frësch an erholl vum Schlof. Duerno fillt ee sech méi waakreg an et huet ee méi Energie.

Ob een elo moies éischter Ausdauertraining maache soll oder en Training, deen méi d'Muskelen an Usproch hellt, wier egal. Am beschte wier et souwisou ëmmer tëschent béiden of ze wiesselen oder se mateneen ze mëschen. Et sollt ee sech moies awer och net iwwerhuelen.

30 Minutten wieren ideal fir moies de Kierper op Touren ze bréngen.

Wien awer lo gewinnt ass Sport ze maachen, dee kéint Moies och roueg méi laang Sessiounen maachen. Wéini een am beschten huet Sport ze maachen, hänkt awer vu Mënsch zu Mënsch of.

Fir fit ze bleiwen sollt een 2-3 mol d'Woch Sport maachen. Wéi een, ass dobäi egal, Haaptsaach et mëscht Spaass.