USO: An der Schwäiz, méi genau zu Adliswil ass tëschent Juni 2017 a Juni 2018 eng Dokterspraxis ouni Dokter getest ginn. De Jeff Dondelinger huet dat ganz ënnersicht a presentéiert Iech seng Diagnos.

27/08/2019 Versuch: eng Praxis ouni Dokter

D'Iddi dohannert ass eng Ulafsplaz ze hunn fir medezinesch Alldagsproblemer, fir déi en Dokter net onbedéngt néideg ass an en Apdikter net weiderhëllefe kann. De Projet mam Numm Aprioris war en Erfolleg a mëttlerweil gëtt et eng Rei vu Cabineten ouni Dokter. Dat Ganzt gëtt vun enger Etüd begleet, déi d'Qualitéit vum Traitement evaluéiert. Diploméiert Infirmièrë mat minimum 5 Joer Beruffserfarung am ambulante Beräich behandelen zum Beispill Hals- , Oueren- a Kappwéi, licht Verbrennungen an Ausschléi. E speziell entwéckelte Computerprogramm hëlleft bei den Diagnosen an dem Choix vum richtegen Traitement. Ganz ouni Dokter geet et awer nach net. D'Resultater an d'Medikatioun gi fir sech ofzesécheren per Telefon  mat engem Dokter ofgeschwat.

Zilgrupp si virun allem jonk Leit an Auslänner, déi nach keen Hausdokter hunn. D'Urgencen an de Cliniquen an de Gesondheetssystem sollen duerch dës Offer entlaascht ginn.
D'Käschte vun der Behandlung, eng Ronn 58 Schwäizer Frang, dréit de Patient selwer, awer nëmme wann d'Problemer komplett geléist konnte ginn. En ähnleche Projet ënnert dem Numm Netcare ass och an der Schwäiz parallel lancéiert ginn. Hei maachen d'Apdikter selwer d'Patienteberoodung mat hëllef vun enger Software. Dat ganzt gëtt wéi bei Aprioris mat engem Dokter per Telefon ofgeschwat.

Dee gréissten Deel vun de Reaktiounen aus dem medezinesche Beräich vis-à-vis vum Projet si positiv. Virun allem gëtt sech d'Fro gestallt op de Projet sech an de Bevëlkerung duerchsetzt an op de Gesondheetssystem tatsächlech entlaascht ka ginn. Nëmmen den Daachverband vun de Patientenorganisatiounen kritiséiert e méigleche Réckgang vun der d'Behandlungsqualitéit. Vill Acteuren am Gesondheetssystem sinn dovunner iwwerzeegt, dass eng Offer, wou Patiente schnell Hëllef bei klenge Problemer kréie néideg ass. An de nächsten 10 Joer géifen ronn d'Halschent vun den Allgemengmediziner an d'Pensioun goen an dëse Problem misst geléist ginn.