USO: Et ass ee vun de siwe Weltwonner an eng vun de bekanntsten Touristendestinatiounen op der Welt. Di chinesesch Mauer. Mee eng Ronn 10 Milliounen Touristen am Joer hannerloossen hir Spueren um urale Monument. De Jeff Dondelinger:

29/08/2019 Chinesesch Mauer

2016 koum et zu engem Shitstorm, well e 700 Joer alen Deel vun der Mauer einfach mat Zement gefléckt gouf. Deemools gouf an der Provënz Liaoning e Stéck dat 1381 gebaut gouf mat enger décker Zementschicht verstäerkt. Di chinesesch Administratiounen hunn dorops hin decidéiert de monumentale Bau an Zukunft mat traditionelle Methoden ze reparéieren.

Et ass keng einfach Aarbecht sou vill ass kloer.  D'Mauer ass tëschent 9000 an 21000 Kilometer laang jee nodeems op een d'Brochstécker mat rechent. De Bau ass am 3. Joerhonnert viru Christus ugefaange ginn an d'Aarbechten hunn sech iwwert méi wéi e Joerdausend gezunn. D'Festungsmauer verleeft vun der chinesescher Ostküst bis un de Rand vun der Gobi-Wüst. D'Kärstéck, di sougenannte grouss Mauer ass 6350 Kilometer laang a gouf wärend der Ming-Dynastie gebaut.

Den Song Xinchao vum chinesesche Kulturministère, ee vun de schäerfste Kritiker vun der aler Restauratiounsmethod betount, dat vill Leit d'Reparatioun vun der Mauer mat der Entwécklung vun enger Touristenattraktioun verwiesselen. Als negatiivt Beispill nennt hien de Badaling-Deel bei Peking, dee mat Seelbunnen equipéiert eng Onmass Touristen unzitt. Ab dem 1. Juni sinn op dësem Deel nëmme nach 65.000 Visiteure pro Dag erlaabt.

Nom neie Plang, gëtt d'Weltwonner mat Stécker, di vun der original Mauer restauréiert an am Plaz vun Zement gëtt Speiss benotzt. Lokal Bewunner hu wärend Joerhonnerten Deeler vun der Mauer ofgebrach an dës benotzt fir hir Haiser ze bauen. Di al Zille ginn erëm agesammelt a fir d'Restauratioun benotzt. Sou en ale Steen anzebauen kascht vill Zäit an dauert dacks bis zu enger Stonn seet e vun den Aarbeschter. D'Weeër sinn a verschiddene Géigenden esou géi an héich, dass et net méiglech ass d'Material mat Maschinnen ze transportéieren. Hei komme Mauldéieren an den Asaz. D'Béischter droen alt bis zu 150 Kilo um Réck.

De Dong Yaohui, Vize-Präsident vun der Mauergesellschaft seet dozou: Fréier hätte si d'Mauer erëm opgebaut fir Touristen unzelackelen. Haut restauréieren si d'Weltwonner fir et fir spéider Generatiounen ze erhalen.