Déi eng kënnen et kaum erwaarden, di aner kucke mat grousser Skepsis op d'Entwécklung. D'Autonoomt Fueren ass en Thema dat d'Mënsche beweegt.

02/09/2019 Autonomt Fueren: Problemer déi nach ze léise sinn

Autonoomt Fueren ass méi present wéi di meescht Leit denken. De Wee hin zum komplett selwer agéierenden Auto ass awer e laangen a schwieregen. Als éischt koume sougenannte Fuerassistenzen wéi den Tempo-mat oder automatesch Ofstand-Reegeler an den Asaz. Dës ginn duerch Radaren gesteiert. Als nächst koume Systemer, di Objeten erkenne kënnen op de Maart. Spuer-Assistenten an autonom Park-Mechanismen gehéieren zu dësen Entwécklungen. Technik dofir baséiert op Ultraschall a Kameraen. Mëttlerweil kënnen och schonn gréisser Aufgabe vum Auto selwer iwwerholl ginn. Mat der Lidar-Technik, dat fir Light Detection and Ranging steet kënne Gefierer mi laang Strecken op der Autobunn selwer fueren an souguer Spuere wiesselen.

Um Wee fir bei de voll automatiséierten Auto mussen allerdéngs nach vill Verbesserunge geschéien. De Radar an de Lidar musse méi grouss Reechwäiten kréien an d'Kamerae misste bei all Wieder brauchbar Date liwweren. Ee Problem ass, datt dëst immens grouss Datevolume generéiert. 5G soll hei weiderhëllefen. D'Ausmooss vun den Daten déi berechent musse ginn ass eng Saach, eng aner ass, datt d'Veraarbechtung vun den Informatiounen eng Onmass un Energie kascht. Dëst gëtt versicht op zwou Aart a Weisen ze léisen. Enger säit versichen d'Programméierer d'Algorithmen sou kleng wéi méiglech ze halen ouni d'Qualitéit ze beaflossen. Anerersäits gi speziell Prozessoren entwéckelt, di d'Algorithmen effizient beaarbechte kënnen.

E weidere Problem ass d'Manövréieren an enger Stad. Hei mussen deelweis d'Verkéiersreegele gebrach gi fir virun ze kommen an et ass immens komplizéiert eng kënschtlech Intelligenz ze entwéckelen, di jugéiere kann, wéini e Verkéiersverstouss sënnvoll ass. Di läscht Hürd ass d'Infrastruktur, fir d'Navigatioun am Stroosseverkéier muss e ganze System hir vu vernetzte Stroosseluuchten, Schëlter a Parkplazen.

Den autonomen Auto kënnt, d'Fro ass just wéini.