Wousst Dir dass Kalzium e Mineral ass, deen am Metabolismus gebraucht gëtt fir staark Schanken an Zänn ze bauen. 99% dovunner sinn am Kierper an de Schanken stockéiert an 1% ass am Blutt ze fannen. An ongeféier 1,2 Kilo vun eisem Gewiicht ass Kalzium. Weider Detailer huet d'Dieteticienne an d'Secrétaire vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg Nathalie Weber dem Marie Gales erzielt.

03/09/2019 Nährstoffer: Kalzium

Eise Kierper kritt den néidege Kalzium aus der Ernierung an och Präparater; wat sinn déi bekannte Kalziumquellen a wéi vill brauche mir fir gutt a gesond ze liewen?

Dem Ament recommandéiert den CSH (Conseil supérieur d’Hygiène) zanter 2016 fir en Erwuessenen 950mg Kalzium, eng Persoun déi Osteoporos huet an Teenager soll 1150mg Kalzium zou sech huelen.

950 mg entsprécht 1 Glas Mëllech, 1 Jughurt, 200g Spinat an e Stéck Camembert.
Fir op 1150mg ze kommen, géing nach 1 Portioun 200g Brokkoli a ½ Liter kalziumräicht Waasser derbäi kommen.

Wa mir awer net genuch Kalzium iessen oder drénken, da riskéiere mir dass de Kalzium aus de Schanken gebraucht gëtt

...fir den Ausgläich am Blutt ze halen, wat zu Osteoporos féiere kann. Osteoporos ass Krankheet vu porösen Schanken, déi duerch eng Disharmonie tëscht Schankenopbau an – Ofbau erkennbar ass. D'Struktur vun dësen Schanken kann een sech virstelle wéi e gelächerte Schwamm. Doduerch sinn si da vill méi fragil a brieche relativ séier bei engem Schock. Bis zu 30 Joer gëtt de Skelett opgebaut, hei ass den néidege Kalziumapport kombinéiert mat Vitamin D ganz wichteg. Eise Skelett ass en Organ dat mir stänneg ob- an ofbauen. Esou hu mir an enger ganzer Liewenszäit 2-3 mol eise Skelett nei opgebaut. Dono gëtt d'Densitéit vun de Schanke liicht ofgebaut bis zu der Menopause bei de Fraen. Den Östrogenwäert geet an der Menopause ganz séier erof, wat d’Heefegkeet vun der Osteoporos erkläert (80% vun de Fäll) .

Bei de Männer ass dat anescht, den Testosteronwäert bei Männer reduzéiert sech méi lues iwwert d'Joren. Och aner Facteuren spillen eng Roll wéi d'Genetik, physesch Aktivitéit a den Tubakkonsum. Mä wat geschitt wa mir ze vill Kalzium consomméieren?

D’EFSA (Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet) definéiert e maximalen Toleranzapport vu Kalzium bei 2500mg, 2,5 mol méi wéi d’Recommandatioune fir en Erwuessenen. Den Ekiliber vum Kalzium am Blutt gëtt Hormonell stabel gehalen, wann keng genetesch Predispositioun do ass, geschitt bei engem ze héije Kalziumapport näischt.  Bei 8-15% vun der Populatioun an Europa kënne sech Nieresteng entwéckele bei héijem Kalziumkonsum.