Otemproblemer, Wéi an der Broscht an och décken Houscht, dat waren d'Symptomer vu knapp puer 100 Patienten, déi bannent e puer Wochen an den USA opgetruede sinn. E Mënsch wier souguer och gestuerwen. Hir Gemeinsamkeet: Alleguer haten virdrun E-Zigarette vapotéiert! Eng Enquête gouf ageleet fir der Saach op de Fong ze goen, Marie Gales

05/09/2019 Auswierkunge vun der E-Zigarett

D'Diagnos wier schwiereg ze stellen gewiescht, heescht et well d'Symptomer hu fir d'éischt op eng Infektioun gedeit, déi mat Antibiotik a Sauerstoff net ze behiewe war. Aus dem Grond haten d'Dokteren eng Relatioun tëscht der beschiedegte Longen an dem Damp vun den E-Zigaretten hiergestallt.
Wat iwwerhaapt an deenen E-Zigaretten dran ass, huet eis de Biologiste a Responsabele vum Kontroll Tabac bei der Santé Pedro Marques erkläert. Ugefaange mat der Batterie

Auswierkunge vun der E-Zigarett 1

Och wann den Taux sou niddreg ass, duerch den alldeegleche an heefege Gebrauch accumuléiert sech dat awer. An da sinn do nach déi E-Liquiden fir an d'elektresch Zigarett. Do stellt d'Zesummesetzung eng Gefor duer.

Auswierkunge vun der E-Zigarett 2

Da bleift nach de Nikotin an dee mécht süchteg.

Auswierkunge vun der E-Zigarett 3

An da kënnt de ganzen Deel mat den Aromastoffer. Och wa dës aus dem alimentaire Beräich kommen, spillt de Wee wéi déi Substanzen an de Kierper kommen, och eng Roll.

Auswierkunge vun der E-Zigarett 4

Dat ganzt ass am nach an engem flue Beräich, well et doriwwer ganz wéineg Etüde ginn. Dofir beim Gesondheetsministère ass een sech kloer: E-Zigarett ass ongesond. Dat heescht awer net, dass een da léiwer bei der normaler Zigarett soll bleiwen. Dacks héiert een dass ee mat E-Zigarett sech d'Fëmme kéint ofgewinnen.

Auswierkunge vun der E-Zigarett 5

Mä wee mam Fëmme wëll ophalen, soll ee sech am beschte professionell Hëllef siche goen.

Auswierkunge vun der E-Zigarett 6

Kuckt och op