Eng nei App soll een zukünfteg virun Internetbedruch warnen. Well heeschen, dass een per Smartphone iwwer nei Falen, déi engem online gestallt ginn, informéiert gëtt. Dir sëlwer kënnt dann och an der App uginn, wann Dir Affer vun engem Internetbedruch gi sidd. Eng clever Iddi, déi ee schützen kann, ma et ginn awer nach aner Méiglechkeeten.

06/09/2019 App géint Internetbedruch

D'Anonymitéit um Internet huet och seng Nodeeler. Ëmmer méi oft kënnt et zu Internetbedruch an déi ka vill Formen hunn, ma meeschtens geet et den Krimineller ëm eng Saach. Zil ass et Suen ze kréien.

Bedruch mat Hëllef vum Medium Internet ass eng rechtlech Strofdot.

Et wier schwéier ze soen, ob een d'Suen och duerno zeréck kritt, mee et ginn och Weeër, wéi ee sech virun Bedruch um Internet schütze kann. Et soll een kritesch sinn a sech sëlwer a seng Handlungen, an deem Fall seng Klicks am Internet, hannerfroen.

Och den Ëmgang mat den perséinlechen Donnéeën géing e wichtegen Facteur spillen. Et sollt een ëmmer gutt iwwerleeën, wat ee wou ugëtt an op een dat iwwerhaapt misst. Huet een awer vun Ufank un en komescht Bauchgefill, da kann eng einfach Recherche am Internet hëllefen.

Elo kéint awer och an Zukunft eng App vun der Internetplattform "Watchlist Internet" hëllefen. D'App erméiglecht engem e Bedruch ze mëllen, fir dass aner Benotzer informéiert ginn an schéckt engem och Notifications op den Handy, wéi eng Maschen grad aktuell sinn. A wéi fern se wierklech hëlleft, misst ee mat der Zäit gesinn.

Et si vill Facteuren, déi bei dëser neier App zesumme lafen a wou ee muss an Zukunft kucken, ob se dat bréngt, wat se versprécht. Ass e Bedruch, deen do gemellt gëtt och wierklech esou am Ëmlaf? Gëtt d'App vläit selwer vun Krimineller benotzt fir vun hirer Doten ofzelenken?

Wann Dir eemol am Fall sidd, da kënnt Dir Iech um Site vun Bee-secure.lu informéieren oder direkt op hirer Hotline uruffen.