E Samschdeg 14. September ass et erëm esou wäit, da steet an Esch alles am Zeeche vun der Kultur a vun der Konscht. Esch kéint ee sech net méi virstellen ouni dës Nuit de la Culture. Wat déi Verantwortlech sech dëst Joer alles ausgeduecht hunn an op wat ee sech ka freeën, gouf leschte Méindeg an der Escher Schwemm verroden. D'Brigitte Bintz war fir eis op der Plaz. 

12/09/2019 Nuit de la Culture zu Esch

E Floss, deen ënnert der Stad leeft, eng Hellewull Artisten, déi duerch Stroossen  zéien, onbekannte Gebaier nei entdecken, eng faarweg Parade, déi Stroossen opbléie léisst, eng ganz Nuecht de Klang vum Waasser lauschteren. Esou ass de Slogan vun dëser Nuit de la Culture zu Esch. Am allgemengen ass et déi 8. Editioun, ugefaangen huet et am Joer 2012,  wéi den Escher Theater seng 50 Joer geféiert huet. De Service Culture vun Esch hat déi 1. Editioun an Liewe geruff a mat Erfolleg.

Lescht Joer stoung d'Kulturnuecht ënnert dem Thema "La nuit et le rêve". Dëst Joer dréint sech alles ëm Waasser "Esch au fil de l'Alzette". Wat alles um Programm steet, seet eis den Emmanuel Vinchan, deen zesumme mam Léa Rossi sech ëm de Programm gekëmmert huet. 

Wéinst dem Begriefnis vun eisem Grand-Duc Jean ass d'Nuit de la culture op de 14. September verluecht ginn. Deen Dag ass och de groussen Hierschtmaart an Esch. Dass dat Ganzt gutt mateneen harmonéiert a wien alles Partner ass dëst Joer, erkläert d'Daliah Scholl Presidentin vum Organisatiounscomité an der Kulturkommissioun.


Nieft ganz villen auslännesche Kënschtler sinn déi Verantwortlech awer och  ganz houfreg 14 nei Kreatiounen kënnen ze presentéieren. E ganz flotte villsäitege Programm gëtt also zu Esch gebueden dëse Samschdeg. 130 Artisten, Associatiounen a kulturell Partner déi aus Frankräich, Holland, der Belsch, Litauen an Argentinien kommen, wäerten do iwwert de ganzen Dag Léit begeeschteren. An d'Daliah Scholl huet e klenge Coup de Coeur.


Vu 4 Auer un bis Sonndes moies 7 Auer gëtt et an Esch ganz vill ze erliewen. Do misst jiddereen op seng Käschte kommen. Hoffe mir dass d'Temperature matspillen, well fir villes kéint een och de Maillot oder Schwammbox matbréngen. Also paakt déi schonns mol an.

Wien elo Loscht kritt huet klickt op de ganze Programm op