Enn August goungen eng ronn 900 Leit zu Wäisswampech wielen: et gouf kee neien Conseil bestëmmt, nee, mee et goung ëm e groussen touristeschen Infrastrukturprojet dee fir eng ronn 50 Mio ronderëm de Séi soll entstoen.

D'Resultat war kloer: vun de ronn 820 Stëmmziedelen war et e NEE op 494...dëst ass e negativen Vote vun 60% - an awer...de Wämper Gemengerot wëll um Projet vum Suneo-Park festhalen....wéi presentéiert sech d'Situatioun ronn 3 Wochen nom Referendum an der Wämper Gemeng?
Mir waren op den Terrain kucken; de Pierre Jans war de politeschen Bols huelen....

11/09/2019 Suites Referendum Wäiswampech