MemoShoah invitéieren dësen Dënschde 17. September op Diddeleng an de Kulturzenter ''op der Schmelz''. D'Kënschtlerin Adrienne Haan wäert deen Owend ëm hallwer 8 e Virtrag iwwert ''Entartete Musik'' halen. Ëm wat et do genee geet, huet d'Marie Gales nogefrot

16/09/2019 ''Entartete Musik'' op der Schmelz zu Diddeleng

Et kritt een nach Plazen an der Oweskeess fir den Dënschden Owend 19h30 ''op der Schmelz''. Verhalt Iech awer och nach 2 aner Deeg mam Adrienne Haan. D'Entertainerin kënnt zréck op Lëtzebuerg de 5. a 6. Oktober an den TNL mat hirer Show '' Zwischen Feuer und Eis'' an dat nächst Joer de 27. Januar trëtt si am Escher Theater op. Mam Concert ''Tehora'' gëtt deen Dag de Shoah-Affer geduecht.