Gesonde Mënscheverstand ass elo gefrot! Schlëmm, dass deen an de Asaz muss gezwonge ginn wann et ëm d'Ewechmaache vum Hond sengem Dreck geet. Vill Gemenge kucken elo net méi no, si reagéieren a ginn esouguer méi wäit.

10/09/2019 Kacka ewechmaache geet net méi duer!

An den Hondsdreck ze trëppelen gehéiert zu de ruckelzegste Situatiounen am Alldag. Den Hond kann net dofir, mä et ass säi Proprietär, deen ze liddereg war sech ze bécken a sengem Hond säi Kacka ewechzemaachen. Oder en hat keng Tut derbäi, oder e war presséiert oder et ass em, fir am Language ze bleiwen, schäissegal.

Sevilla, d'andalusesch Haaptstad geet nach e Schratt méi wäit a wëll dass d'Hondsbesëtzer net just de Kacka ophiewen, mä och elo de Pippi vum Hond ewech schrubben.  Et ass déi zweete Stad a Spuenien, déi dat fuerdert, well d'Awunner hätten et sat. Si fuerderen dofir hir Administratioun op, dass Sevilla der Hafestad Almería et nomécht. Do besteet zanter 2 Méint d'Flicht alles wat aus dem Hond erauskënnt ewech ze maachen, mat Waasser an Esseg. Do geet et net méi duer eng Tiitchen matzehuele wann ee mam Hond trëppele geet, mä d'Equipement ass do elo méi grouss wann een en Règle wëll sinn.
De Grond ass, well d'Leit vun der Stroossenhygiène net méi kommen an d'Exkrementer an d'Urinpill net méi séier genuch eliminéiert kréien.  Et hätte sech immens vill Mënsche beschwéiert. A fir dass dat och da wierklech soll gemaach ginn, ginn et bis zu 750 Euro Strof, sollt een dat ignoréieren. D'Zil vun der Stad ass e Bewosstsinn ze schafen, dass jiddereen en Deel vun der Stad ass an och Verantwortung dofir dréit dës propper ze halen, schreift déi katalanesch Dageszeitung "La Vanguardia".

Déi spuenesch Hafestad A Coruña ass nach e bëssi méi streng, do gëtt entretemps gepréift ob mat DNA-Tester nogewise ka ginn, wat fir e Flocki de Knascht gemaach huet. Dofir gëtt dann eng Datebank vum Hond ugeluecht an op dës Manéier kann den Hond an och säi Proprietär ermëttelt ginn. Ween do net matspillt, an och sengem Hond säin Dréck päift, deen dréit d'Käschte vun dem ganzen Ermëttlungsprozess.

Och zu Lëtzebuerg hu mir nogefrot wéi et mam dem Kacka ewech maachen ass. D'Bilanz ass traureg, vill Hondsbesëtzer hiewen näischt op, och an der Gemeng Déifferdeng, wéi de de Remo Pantaleoni vum Services de Regie CID erkläert. Mä d'Déifferdenger Gemeng huet dowéinst reagéiert a wëll och net méi nokucken.

An deem Dossier bleift nach vill ze maachen, d'Cité du Fer geet op alle Fall mam gudde Beispill vir. Leider sinn et ëmmer nees d'Geldstrofen déi iergendwéi e bëssi suergen, dass deen een oder anere sech awer un e puer Spillreegele muss halen.