Den iPhone solle erëm zum beschte Fotoapparat am Handyformat ginn. Ma net nëmmen hei mécht een de Konkurrenten d'Liewe méi schwéier, et wëll een och Amazon a Netflix Konkurrenz maachen.

11/09/2019 Apple News

De Laurent Gillander ass elo bei mir am Studio, Laurent wat sinn dann nieft den neien iPhonen weider News vum Hiersteller?

Laurent:
De wichtegste Produit koum zum Schluss. Et ass ëm den iPhone 11 iPhone 11 Pro an iPhone Pro Max gaangen. Den iPhone 11 léist den iPhone XR of an den 11 Pro ass de Nofolger vum XS, dëse gëtt et an zwou Gréissten, dee groussen heescht Pro Max. Vum ausgesinn huet sech net vill verännert. Natierlech ass e méi séier ginn, dat seet Apple jo ëmmer, eppes wat se nach ëmmer soen ass dass e manner Stroum verbraucht.

TOM:
Elo sos de dass ee vill méi Wäert ob Kamera leet wat hu sech dann do verännert?

Laurent:
Beim normalen 11, also dem Nofolger vum XR ass elo eng Kamera dran, déi et engem erlaabt mam Portrait-Modus ze schaffen dat war bis ewell nach net méiglech. Doduerch krut dësen dann hannen och eng Lëns bäi.  Si krut e liichte Wäitwénkel a mécht Biller mat 12 MP. Déi gréisste Neiegkeet ass dann awer den Ultrawäitwénkel. Et muss een awer soen dass den iPhone 11 net mat de Pro Modeller mathale kann.  Hei ass elo e Nightmode dran. Den Apparat bestëmmt dann och selwer wéini en an dee Modus schalt. Et ginn eng Hellewull u Neiegkeeten, déi elo all hei opzezielen géif zäitlech net duer goen. Ech hunn awer bëssen an d'Channels vun Kritiker erageluusst den Joe Santos Garcia z.B hien ass Devlopper fir coolingphase.com. Hien ass e bëssen enttäuscht.

CUT Garcia Iphone Bigger
(Ech iwwersetzen an e puer Wieder nom CUT!)

TOM:
Wéi wëlle se dann e Konkurrent fir Amazon oder Netflix ginn. Dat si jo an deem Domän quasi Giganten?

Laurent:
Dat stëmmt, Apple TV Plus mécht dat méiglech. Et huet ee sech ebe Rechter u verschiddenen Shows, Filmer, a Serien geséchert. Z.B de Film mam Numm "See" e Film dee 600 Joer an der Zukunft spillt. E Virus huet d'Äerd befall a vill Mënschen sinn dru gestuerwen. Déi aner si blann ginn.

11/09/2019 CUT SEE

Dat soll dann 4,99 Dollar de Mount kaschten. Keeft ee sech elo en neien iPhone, iPad, Mac oder Apple TV da kritt een ee Joer geschenkt. De Service fänkt am November un.
An deem heite Fall schléissen ech mer der Meenung vum Joe Santos Garcia un, hien fënnt dat eng gutt Saach

11/09/2019 CUT Garcia Apple TV
(Ech iwwersetzen mat e puer Wieder dono!)

Tom:
Da fënnt een och schonn en neien Beräich am AppStore? Arcade do geet et dann ëm d'Spillen.

Laurent:
Genee, och hei bezilt ee 4,99 Dollar an da kann een spillen bis engem d'Fanger wéi dinn. Dat wat een elo schonn ugewise kritt gesäit jiddefalls villverspriechend aus.

Tom:
Zu gudder Lescht ginn et nei Watchen. D'Watch 5. An enger Titanium a Keramik Editioun. Titanium wäert ëm 700 Euro kaschten de Keramik Modell ëm 1400. An d'Bännercher, dat ass nei, sinn elo ënnerteneen kompatibel.

Laurent:
Wat ech bësse vermëssen ass de 5G, déi nei Reseau's Technik ass dann elo mol nach net verbaut, genee wéi den USB-C Stécker. Positiv ass awer Palette u Faarwen. Mauve Giel Rout Blo a Gréng.
Dernieft fält ob dass Präisser gefall sinn, dat war dee gréisste Problem deen Apple mat hirem Leschten iPhone hat.

TOM:
Et dierft dann net méi laang an d'Apparater wäerten an de Butteker leien. Merci Laurent