Deen ass zu Utrecht ze fannen. Well de Vëlo do immens beléift ass a ganz vill Leit drop zeréckgräifen, ass eng Garage nëmme fir si gebaut ginn.

11/09/2019 Dee gréisste Vëloparking vun der Welt

An der hollännescher Stad Utrecht ass de Vëlo immens beléift. Iwwerhaapt ginn et a ganz Holland duebel esou vill Vëloen ewéi Autoen. Elleng zu Utrecht sinn all Dag 125'000 Cyclisten ënnerwee, dat ass ronn en Drëttel vun der Populatioun an der Stad. Bal d'Halschent vun de Strecken ënner 7 an en hallwe Kilometer gi mat engem Vëlo zeréck geluecht. D'Vëlosweeër sinn an der City zwar gutt ausgebaut, mä d'Situatioun mat de Parkplazen ass net déi Bescht. Utrecht huet sech awer en Zil gesat: d'Stad wëll e Paradäis fir Vëlosfuerer erschafen. De Vëlo wier d'Geheimwaff géint Stauen, schlecht Loftqualitéit an de Klimawandel.

Elo also ass dat gréisst Vëlo-Parkhaus vun der Welt opgaang mat iwwer 17'000 Meter Carré. En Deel vun der Garage déi iwwer 3 Stäck geet, ass scho virun 2 Joer opgaangen. Elo koume nach emol 5'000 Vëlo-Parkplazen dobäi. D'Gebai ass ronderëm d'Auer op a gëtt bewaacht an d'Cyclisten kënne do esouguer hiert bescht Stéck flécke loossen an Ersatzdeeler kréien.