Eng vun de markantste Soulstëmmen aus de 70er Joer wär haut 75 Joer al ginn. The Walrus Of Love, de Barry Eugene "White" Carter, kënnt den 12. September 1944 zu Galveston am Texas op d'Welt.

12/09/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Barry White

D'Karriär fänkt 11 Joer méi spéit u wéi de jonke Barry White den Jesse Belvin um Piano begleet. D'Resultat war d'Lidd Goodnight My Love. A senger Autobiografie steet geschriwwen datt de Barry White am Alter vu 14 Joer direkt 2 mol am Stëmmbroch ass, fir d'éischt Tenor an duerno déiwe Bass. 1959, kuerz nom Stëmmbroch, a sengem Fall Stëmmbréch, hält de spéidere Sänger mat der Schoul op, ouni Ofschloss. Ier d'Karriär vum Barry start, sëtzt hie mol 5 Méint am Prisong, dee Moment 17 Joer jonk, well hie mat senger Gang beim Klaue vun Autospneuen erwëscht gouf, wéi et schéngt hat d'Aktioun eppes Positives, am Klemmes héiert hien It's Now Or Never vum Elvis Presley um Radio, jo um Radio, an decidéiert dorops hie säi Liewen ëmzekrämpelen. Dat mécht de Barry fir d'éischt ënnert dem Numm Berry Lee, Berry mat engem E, an duerno mat der Grupp Love Unlimited, eng Grupp vu Sängerinnen déi de Barry, mat A, gegrënnt hat an déi mat Walkin' in the Rain with The One I Love hire gréisste Succès hat. Eréischt no den Instrumentallidder mam Love Unlimited Orchestra bréngt hien 1973 den éischten Album ënnert dem Numm Barry White, I've Got So Much To Give, eraus. De groussen Duerchbroch kënnt e Joer méi spéit mam Nummer 1. Album Can't Get Enough an de Lidder You're the First, the Last, My Everything a Can't Get Enough Of Your Love Babe. Am Endeffekt kann de Barry White iwwer 100 Millioune Placke mat senger Musek verkafen. De 4. Juli 2003 stierft de Sänger am Alter vun 58 Joer zu Los Angeles un Niereversoen, wéinst dem staarken Iwwergewiicht hat de Barry héije Bluttdrock a war Diabetiker. No sengem Doud gëtt de Barry White an d'Dance Music Hall Of Fame opgeholl a kritt haut viru 6 Joer den 2506. Stär um Hollywood Walk Of Fame. De Barry wär haut 75 Joer al ginn.