A knapp engem Mount fänkt d'Buchmesse zu Frankfurt un. Eng Foire mat enger laanger Traditioun, ëmmerhi gouf et schonn an der fréier Neizäit sou eng Buchmesse nodeems de Johannes Gutenberg zu Mainz, de Buchdrock revolutionéiert hat.

18/09/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Frankfurter Buchmesse

Mat der Reformatioun tëscht 1517 a 1648, duerch déi ass de westleche Chrëschtentum a verschidde Konfessiounen gespléckt ginn, huet d'Buchmesse zu Frankfurt eng schwéier Zäit duerchgemaach. D'Zensur duerch déi kaiserlech Bicherkommissioun war ee vun den Haaptgrënn. An der Zäit vun der Opklärung huet Frankfurt schlussendlech seng Roll als Heemecht vun der Buchmesse un d'Stad Leipzig ofginn.

Eréischt 200 Joer méi, wéi Däitschland gedeelt ginn ass, versammele sech erëm 205 däitsch Aussteller zu Frankfurt an der Pauluskirche. Haut op den Dag genee viru 70 Joer fänkt déi éischt Buchmesse vun der Nokrichszäit zu Frankfurt un, se dauert vum 18. bis den 23. September 1949. An de Joren duerno weise sech och erëm auslännesch Aussteller zu Frankfurt. Wärend der Foire ginn och eng Rëtsch Präisser verdeelt, zum Beispill de Friddenspräis vum däitsche Buchhandel, den däitsche Jugendliteraturpräis an de Präis fir d'Buch mam kuriéisten Titel gëtt et och elo schonn 10 Joer.

Den däitsche Buchpräis, dee mat 37.500 Euro dotéiert ass, gouf fir d'éischt 2005 verdeelt; de Gewënner oder d'Gewënnerin kritt 25.000 Euro, déi 5 aner Nimm vun der Shortlist all Kéiers 2.500 Euro. D'lescht Joer waren 19 Editiounshaiser a ronn 40 Auteuren aus dem Grand-Duché op der 70. Buchmesse. Ënnert dem Motto "Reading Luxembourg - Luxemburg, ein Sprachenparadies"  haten sech  sëllechen Visiteure, Journalisten, Schrëftsteller an aner Acteuren aus dem Lëtzebuerger Literaturbetrib afonnt.

D'Frankfurter Buchmesse, déi 71. Editioun dann, mécht hir Dieren de 16. Oktober dëst Joer op.