A 6 Wochen ass Halloween. Do kéint et fir verschiddener scho mol héij Zäit ginn, sech ze iwwerleeën, wéi een sech dëst Joer verkleed. Wat méi grujeleg, wat besser.

18/09/2019 Halloween - Wéieng Kostümer sin "in"

Den Trend geet virun allem a Richtung "Do it yourself". Vill Leit, géinge sech zwar mol gären Inspiratioun an de Buttick sichen kommen. Ma virun allem Erwuessener géingen sech dann éischter op Accessoiren, wéi Konschtblutt, falsch Kontaktlënsen, wäiss Fuerf oder Narben fir op ze pëschen, zeréckgräifen, fir hiert grujelegt Outfir perfekt ze maachen, seet d'Simone Antoine, wou sëlwer e Buttik huet fir Verkleedungen vun all Zort.

Den Ament geet den Trend fir Halloween virun allem a Richtung Mexiko, wou d'Leit sech gären als Skelett an dann awer mat faarwegen Blummen verkleeden. Natierlech wieren d'Klassiker, wéi Hexen, Zombien, Geeschter oder Däiwel, och ëmmer beléift, ma virun allem Horrorfilmer oder -serien géingen als Virgab déngen, fir sech ze verkleeden.

Bei de Kanner wier et awer éischter sou, dass déi direkt en kompletten Kostüm kaf kréien an do sinn virun allem Superheldenkostümer voll am Trend.

Halloween wier och anescht wéi Fuesend, seet d'Simone Antoine, well d'leit op deem Dag och gären hiert Haus deementspriechend dekoréieren an d'Fuesboken éischter op eng Verkleedung zeréckgräifen fir eraus ze goen. Et wier en anert Fest an Leit, déi Halloween begeeschter wieren, wieren dacks keng Fuesboken.