Wien erënnert sech net un déi berühmt Agathe-Bauer-Songs? Viru gutt 10 Joer hu eng jett Radiostatiounen an Däitschland, zesumme mat hiren Nolauschterer, Lidder gesammelt an deenen d'Leit eppes falsch verstanen hunn. Falsch verstoe kann een och de Sënn, heiansdo och Onsënn, vun engem Lidd. A vun deene Stécker ginn et genee sou vill Beispiller.

18/09/2019 Lidder déi falsch verstaane ginn

Een offensichtlecht Beispill ass de Boomtown Rats Klassiker I'dont like Mondays....

Dat Lidd dierf och op engem Freide lafen, oder soss engem Dag, well et geet nämlech net ëm dee latzege Méinden, nom Weekend, op dee Kee Loscht huet, mä ëm den Amoklaf vum Brenda Ann Spencer den 29. Januar 1979 zu San Diego, zwou Persoune stierwen, 9 ginn der blesséiert. Et war de Grond fir dës schrecklech Dot déi de Bob Geldof inspiréiert hat: "I don' like mondays" war d'Äntwert vum Brenda Ann Spencer op d'Fro firwat dësen Amoklaf.

Ma och méi rezent Lidder gi gäre falsch interpretéiert...

Beim Papa Roach-Klassiker Last Resort iwwerleet sech an Zukunft villäicht 2 mol ob een alles matséngt oder net... Ech schneide mäi Liewen a Stécker. Dat ass mäi leschten Auswee.... Eigentlech misst den Alarm elo ugoen. Et geet ëm Suicide. D'Inspiratioun fir den Text vu Last Resort hat d'Grupp bei engem Bekannte krut, mat deem Se opgewuess sinn. Deen hat eng schwéier Zäit wärend sengem Liewen an do waren dann och abee mol déi Selbstmordgedanken.

Bei romantesche Lidder huet een och besser den Text 2,3 mol ze lauschteren.

I will always love you..... wat gëtt et do falsch ze verstoen.....?

Ma den Text ronderëm de Refrain. Am Lidd vum Dolly Parton, besser bekannt an der Bodyguard-Versioun vum Whitney Houston, gëtt nämlech och dat heite gesongen... Äddi.... Weg kräisch net..... Mir 2 wëssen ech sinn net dat wat s de brauchs....... Wann dir iech deemnächst bestuet, dat Lidd mol vun der Playlist erofhuelen.

Nach e schéint Lidd fir eng Hochzäit...

. Jo schéin.... wann s de e Stalker bass. All Dag / Bei all Wuert wat s de sees / Bei all Spill wat s de Spills an all Kéiers wann s de iwwer Nuecht bleifs, ech kucken dir no..... Do kann een et scho mat der Angscht ze di kréien.....

Wéi ee Lidd hëlt een dann nach am beschte vu senger Kuschel-Playlist erof....?

Och hei gëtt d'Geschicht aus der Siicht vum Stalker erzielt. Den Erzieler steet no X Joren, ouni Umeldung, virun der Dier a laabert eppes vun ..... maach dir keng Suergen, ech fanne schonn een dee sou wéi s du bass...... En Horrorfilm kéint net besser ophalen.

Da ginn et och Lidder bei deenen de Sënn keng Interpretatiounen zouléisst. An trotzdeem gi se falsch verstanen oder besser gesot falsch agesat. Déi wonnerschéi Ballade vun de Crash Test Dummies zum Beispill....

Jo ok beim Refrain kann ee wuel spekuléieren, mä an de Strophe gëtt d'Geschicht vun 3 Kanner erzielt deenen eppes Schlëmmes geschitt ass. Kand Nummer 1 kënnt no engem Autosaccident mat wäissen Hoer zeréck an d'Schoul. Beim Kand Nummer 2 entdecken d'Frëndinne lauter komesch Schéinheetsflecken a beim Kand Nummer 3 kann een op eng séileg Iwwerfuerderung duerch fanatesch reliéis Eltere schléissen. Mat all dësen Informatiounen am Hannerkapp stellt ee sech elo Biller vu Mënsche vir déi mat Genoss an eng Schmier mat Kéis bäissen..... De Refrain gouf nämlech fir d'Reklamm vun engem Kéisproduzent benotzt.

Dat ass jo Unbelievable.

Et geet ëm Schluss maachen, respektiv ëm de Gedanke fir eventuell Schluss ze maachen. Anescht kann een dës Sätz nämlech net verstoen ..... Du nervs mech mat denge Froen, Du sees ech géing net genuch schwätzen, a wann ech da mol schwätze sinn ech deen Dommen. Du bass onméiglech. Esou gesinn mécht eng Reklamm fir e sportlechen Auto mat dësem Text absolut kee Sënn. Hëlt een nëmmen You're Unbelievable ass et erëm eng aner Saach an awer.

An där Lidder ginn et der nach méi......

Eng helle Wull. En intressant Buch an deem Kontext heescht I DON'T LIKE MONDAYS vum däitsche Journalist Michael Behrendt, ënner anerem Chefredakter vum Journal Frankfurt, dee sech fir säi Memoire op der Uni d'Patti Smith als Thema erausgesicht hat. A sengem 224 Säiten décke Buch beschreift den Auteur 66 sou Beispiller an enger zimlech labberer a flotter Manéier. Wie sech fir d'Hannergrënn vu verschidde Pop/Rock-Lidder intresséiert ass d'Buch definitiv e Pleséier. Hei de Link bei d'Amazon-Säit vum Buch