Melbourne soll déi glécklechste Stad vun der Welt sinn. Zu de Grënn gehéieren d'Gemeinschaftsgefill, an och - sorry Paräis - de beschte Croissant vun der Welt. D'Michèle huet nach e puer weider Grënn...

17/09/2019 Down under - ganz héich! Melbourne ass déi glécklechste Stad

Siwe Joer laang war Melbourne op der 1 vum Ranking vun de Stied wou et sech am beschte lieft, dono huet et den Titel u Wien missten ofginn. Dofir ass déi australesch Metropole elo zu der glécklechster Stad vun der Welt ernimmt ginn. Decisiv waren hei d'Gastroszeen, déi vill Kulturofferen, e staarkt Gefill vun Zesummenhalt an déi etlech Fräizäitméiglechkeeten an a baussent der Stad.
Melbournians soe vu sech selwer dass se Coffee Snobs sinn. Hirer Passioun kënnen se nämlech an honnerte fantastesche Kaffibaren nogoen déi vu fréi moies bis 3 Mëttes op hunn, dacks awer an enger ganz dekorativer Kulisse wéi eng ëmgebaute Lagerhal mat Stenge Maueren an hëlzen Téik. Wann de Wiert den Espresso vum Dag ukënnegt mengt een et wär een an enger helleger Zeremonie. De gudde Ruff huet sech erëmgeschwat a Weekends muss een do ëm eng Plaz kämpfen.
2016 huet d'New York Times ugekënnegt dass anscheinend dee beschte Croissant vun der Welt zu Melbourne gebak gëtt. Méi genee an der Lune Croissanterie an engem ëmgebaute lagerhaus am Hipstervéierel Fitzroy. Ee Bëss an de Kichelchen a scho wär ee süchteg. och hei ass de Weekend d'Bud voll.
Op d'Aarbecht fuere vill Awunner net méi mam eegenen Auto, wat an der streng Autogleeweger Gesellschaft an Australien net selbstverständlech ass. D'Mënsche setzen haut op den ëffentlechen Transport a schonn zanter e puer Joer ass dee gratis, et gëtt vill Vëlosweeër a grad gëtt ënnert der Stad e risege Metrostunnel gebaut, deen de Verkéier an der City entlaaschte soll. D'Zich fueren am 2-Minutten Takt.
Graff Betons-Maueren, blockeg Formen, Bunkerästetik. De Brutalismus war och laang an Australien als Monsterarchitektur verruff. Entretemps pilgeren awer vill Designfans an d'Stad fir déi gegléckten Beispiller vum raue Stil ze besichen. D'Total House zum Beispill gesäit aus wéi wann um Dag e risege Betonsschierm steet, an de massive reng vum Arts Center gëtt gekréint vun enger 115 Meter héijer Stolspëtzt.
Zu Sydney gëtt vläicht méi Sue verdéngt, Melbourne huet awer méi Muséeën a gëllt dofir als Kulturhaaptstad. Derwäert ass d'National Gallery zu Southbank, an de Melbourne Museum an de Carlton Gardens mat engem Urwald, wou de Visiteur méi iwwert de fragillen Ökosystem an Australien gewuer gëtt.