D'Mp3-Player, d'Plackespiller an d'CD-Player kréien erëm neit Fudder. No 5 Joer Paus si Keane nees aktiv, Blink 182 maachen nach ëmmer Musek an den Thees Uhlmann stellt säin 3. Wierk vir.

20/09/2019 Nei Musek fir de Weekend

Fänke mir mat vill Keyboard un. Dobäi ass Keane awer keng Band déi ënnert déi typesch Keyboard-Musek fält, mä éischter eng Rockband déi als Lead-Instrument eben e Keyboard an net eng Gittar huet. Sou einfach ass dat. 5 Joer Paus, vun 2014 bis Enn d'lescht Joer, kënnt dann elo de 5. Album Cause and Effect dëse Weekend eraus. Bei der éischter Single The Way I Feel mierkt een datt de Wëllen do ass un déi al Zäiten unzeknäppen.

Fun, Punk, Pop, Rock; déi Beschreiwung huet mol ëmmer op Blink 182 gepasst. De Fun ass bestëmmt nach ëmmer do, mä zënter den Tom Delonge net méi beim Trio dobäi ass, hie war ëmmerhin de Leadsänger, ass Blink 182 net méi grad dat selwecht, méi schlecht oder besser dierf jidderee selwer beuerteelen. Den neie Mann, nei ass relativ, Matt Skiba ass dann och um neien Album Nine dobäi. An do si mir nees bei e bësse Fun; Nine ass net den 9. mä eréischt den 8. Album vu Blink 182. Da gi mir där Saach nach eng Chance.

Wien näischt mat Tomte ufänke kann......... Ass dann och beim Thees Uhlmann verluer. Den Thees war de Sänger vun der Indie-Rockband Tomte déi tëscht de spéiden 80er an 2012 existéiert huet. Indie also net sou populär wéi You're my heart, you're my soul, ma awer eng enorm grouss Fan-Basis. Den Thees Uhlmann ass zënterhier Solo ënnerwee an huet mat Junkies und Scientologen en 3. Album. Déi éischt Single iwwer de verstuerwenen Avicii gëtt en zimlech gudden Abléck an den Univers vum Thees, Geheimtipp fir dëse Weekend.

Dee Klenge Gallagher huet och en neien Album. De William John Paul, kuerz Liam, Gallagher nennt säin 2. Wierk Why Me? Why Not an huet domat scho virum Release décke Succès. Déi éischt Single Shockwave ass déi beschtverkaafte Single op Vinyl a Groussbritannien dëst Joer a mam selwechte Lidd feiert de Liam seng éischt Nummer 1. iwwerhaapt, an zwar a Schottland. Säin 2. Soloalbum fält e bësse méi rockeg aus an erënnert e bëssen un d'Oasis-Plack Dig Out Your Soul .

.