Den 28. a 29. September 2019 ass elo scho fir déi 4. Kéier d'Luxembourg Gaming Xperience, kuerz LGX. Dëst Joer gëtt et awer eng ganz speziell Editioun, dat well d'Convention fir Videospiller net méi wéi soss zu Munneref, mä um Kierchbierg an der Luxexpo The Box wäert sinn. Wat gëtt et dëst Joer op der LGX ze gesinn, wéini geet et genee lass a wou kritt een Ticketen, fir doriwwer ze schwätzen, ass den David Winter aus eiser Online-Redaktioun bei eis….

20/09/2019 rtl.lu

D'Editioun vun dësem Joer ass 3 Mol méi grouss, wéi déi leschte Kéieren. Dofir sinn d'Organisateuren och vum Casino zu Munneref an d'Luxexpo geplënnert.

Op der LGX ass fir jiddereen eppes dobäi. Net nëmme Gaming, ma och aus de Beräicher Manga, Fantasy an der Pop-Culture kann een hei fannen.  A mat e bësse Chance begéint een hie och deen een oder anere Cosplayer. Et kann een sech déi Saachen och net nëmmen ukucken, ma och nach eppes kafen...