An dat ass keen aneren ewéi de Barack Obama. Nodeems de fréieren amerikanesche President an déi jonk Klima-Aktivistin sech gesinn hunn, sot den Obama, se wieren een Team.

An engem Video vun der Obama-Stëftung ass ze gesinn mat wéi vill Respekt sech déi zwee sech begéint sinn. D'Greta huet 'Merci' gesot, dass et e Méindeg vum fréieren amerikanesche President empfaange ginn ass:

18/09/2019 Greta Thunberg meets Obama 1

Esouguer e coole 'Fist Bump' ass et vum Barack Obama ginn. An engem Message vum weltbekannte Politiker heescht et, dem Greta Thunberg seng Schoulstreiken fir de Klimaschutz wieren eng weltwäit Beweegung vu Millioune jonke Leit. Dat wier d'Muecht vun deene Jonken, si hätte keng Angscht ze gleewen, dass eng Verännerung méiglech ass. Den Obama huet och direkt nom Greta senger Meenung zu de Streiken zu New York a Washington gefrot, an d'Äntwert war positiv:

18/09/2019 Greta Thunberg meets Obama 2

Virun zwou Wochen ass d'Thunberg an Amerika ukomm. Scho viru senger Rees an d'USA huet et an engem Interview gesot, et wéilt seng Zäit net mam aktuellen amerikanesche President Trump verschwenden, dee jo ëmmer nees um Klimawandel zweiwelt. Am Barack Obama huet et awer elo e Politiker fonnt, deen op senger Wellelängt ass. Muer gëtt d'Greta iwwregens zesumme mat aneren Aktivisten am US-Repräsentantenhaus erwaart. Bestëmmt wäerten do déi selwecht Wierder falen ewéi beim Treffen mam Barack Obama:

18/09/2019 Greta Thunberg meets Obama 3

E Freideg well d'Greta Thunberg zu New York um globale Klimastreik vun der Beweegung 'Fridays For Future' deel huelen.

© Pixabay