Rouden Teppech, Palmen, Filmer, Kino a Staren; jo mir sinn op der franséischer Côte. Den 20. September 1946 war déi éischt Editioun vum Festival zu Cannes.

20/09/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Festival zu Cannes

Bis 2002 huet en ''Festival international du film''  geheescht, haut schwätzt ee vum Festival vu Cannes. Déi 12 Deeg sinn net just fir d'Staren op de 24 Trapen mat roudem Teppech reservéiert, mä och fir Cineasten, Staren a Leit aus der Filmbranche wéi Produzenten, Distributeuren, Journalisten a Kritiker.

D'Iddi fir sou eng Manifestatioun koum schonns Enn der 1930er Joren op. Et war een nämlech entsat iwwert de Filmfestival zu Venedeg, deen deemools am faschisteschen Italien Propaganda-Filmer ënnert anerem vum Leni Riefenstahl huet missten auszeechnen. Et wollt een dofir en Event ronderëm de Film op d'Bee stellen, dee fräi wier vu politeschen Aflëss an Drock.

D'Vakanzestad Cannes gouf 1939 gewielt, ee vun den éischte Filmpionéier Louis Lumière hat zougesot President vun der éischter Editioun ze sinn...ma wéi den 1.  September déi däitsch Truppen a Polen agefall sinn, gouf alles ofgesot.
En neien Ulaf gouf 1946 geholl an déi 1. Editioun goung vum 20. September bis de 5. Oktober, am ale Casino zu Cannes. Deemools goufen ënnert anerem de Billy Wilder an de Roberto Rosselini fir bescht Filmer ausgezeechent, d'Michèle Morgan als beschten Actrice an de Jacques-Yves Cousteau fir de beschte Kuerzfilm.

Zanter 1951 ass de RDV op der Croisette an d'Fréijoer verluecht ginn, d'Gëlle Palm gouf 1955 agefouert an 1968 gouf de Festival duerch d'Studenterevolten  ënnerbrach. 2020 ass déi 73. Editioun vum Festival zu Cannes, dat vum 12. bis den 23. Mee.