Musek an Auto fuere gehéieren einfach zesummen. Dobäi ass et awer anscheinend net ganz egal wat mer lauschteren wa mer hannert dem Steierrad setzen. Wéi der déi ideal Musek fannt fir entspaant Auto ze fuere weess d'Julie Dupont.

19/09/2019 Geféierlech Musek am Auto

Ech spillen Iech elo 4 Ausschnëtter aus 4 nawell zimlech verschiddene Lidder. Komm der drop wat déi véier gemeinsam hunn?

Geféierlech Musek

Hutt der schonn eng Iddi? Et ass nawell schwéier fir drop ze kommen. Dofir verroden ech Iech et elo einfach: dës 4 Lidder, sinn anscheinend déi geféierlechste Lidder déi ee sou beim Auto fuere ka lauschteren. De Grond dofir sinn d'"beats per minute", also d'Unzuel u Schléi pro Minutt. Soubal d'Unzuel vun de beats per minute, oder kuerz bpm iwwert 120 geet, ännert sech eist Fuerverhalen. Dat hunn elo Fuerscher op der South China University of Technology festgestallt. Si hunn dofir d'Testpersounen wärend 20 Minutten op enger 6-spureger Autobunn fuere gelooss. Natierlech an enger Simulatioun. Déi eng si mat, déi aner ouni Musek gefuer. Am Duerchschnëtt hunn d'Testpersounen am Laf vun deenen 20 Minutten ronn 70 mol d'Fuerbunn gewiesselt. Dobäi ass awer opgefall, dass bei deene Leit, wou d'Unzuel vun de bpm iwwert 120 gaangen ass, labber duebel sou oft d'Fuerbunn gewiesselt hunn. Ausserdeem sinn se och eng Grëtz méi séier gefuer wéi déi aner. Ronn 8 Kilometer an der Stonn. Dat geféierlechste Lidd ass iwwregens "American Idiot" vun der amerikanesch Punk-Rock Band Green Day, mat stolzer 189 bpm.

Där braucht awer elo net ze fäerten nach iwwerhaapt Musek ze lauschteren wann der mam Auto ënnerwee sidd. Et ginn nämlech och eng Rei Lidder déi eis souguer éischter entspanen. Och hei läit de Schlëssel bei de bpm: ee Lidd wat bei 85 bpm läit, hëlleft eis calme ze bleiwen hannert dem Steierrad. Ganz fir op bei den "ongeféierlechste" Lidder läit do: Stairway to Heaven vu Led Zeppelin.