Eisen Agenda ass wéi eng Virwëtztut, fir jidderee fënnt sech do eppes. Do wier schonns dëse Samschden de Vide-Dressing zu Bäerdref „A Schmadds“. Dann ass de Samschden zu Esch/Uelzecht d'Marche de la paix, do geet et ëm véierel op 2 bei der Escher Gemeng fort. Dann gëtt et de Samschde Moien ëm 10 Auer de Laf géint de Kriibs zu Munneref am Park an de Sonnden ass d'Seefekëschterennen zu Biissen mat flottem Duerffest. Weider RDVen huet d'Marie Gales.

20/09/2019 Agenda fir de Weekend (Freiden)

Zu Ettelbréck gouf e ganze Programm op d'Bee gestallt fir d'75 Joer Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch déi Alliéiert ze feieren. Och do sidd Dir de ganze Weekend häerzlech wëllkomm.