De Veräin "De Cliärrwer Kanton" ass 1979 vun engem Grapp voll ënnerschiddleche Leit aus der Nout eraus gebuer ginn. Et goung drëms fir d'Interessen vum Kanton an dem Éislek ze vertrieden. Dëst Joer ass de 40ten Anniversaire an d'Michèle huet sech mam President, dem André Bauler iwwert hir Aktivitéiten ënnerhalen.

26/09/2019 40 Joer Cliärrwer Kanton

1979 goung et wirtschaftlech an der Nordspëtzt schlecht. Verwaltunge goufen ofgezunn, et huet un neien Aarbechtsplaze gefeelt, wat och zu engem demografescher Réckgang gefouert huet. D'Leit si méi südlech wunne gaangen an och d'Jugend huet keng Perspektive méi gesinn. D'Leit am Kanton hunn dunn hir Problemer selwer an de Grapp geholl an esou ass de Veräin De Cliärrwer Kanton entstanen, fir de Kanton ze representéieren.
Déi interkommunal Zesummenaarbecht gouf ab Ufank den 90er Joren an de Mëttelpunkt gestallt a war och eng vun de Viraussetzungen fir eng wirtschaftlech Reprise. Den DCK huet mat der Expo De Kanton Cliärref, e schéint Stéck Lëtzebuerg, de Kanton selwer promovéiert.
Aner Themen déi uewe louche waren d'Elektrifizéierung vun der Nordstreck, d'Ënnerstëtzung vu kulturellen Infrastrukturen a Projeten, an der Revue.Haut ginn et all Joer 3 Nummeren an eng Spezialnummer vun der Revue, zB iwwer Lieux de mémoire, ländlech Architektur, Gäert am Éislek, oder Zukunftsperspektiven vum ländleche Raum.

Weider Infoe fannt der op