Di Meescht kennen dat: Wann d'Zäit knapps ass an den Honger grouss, da gëtt mol séier eng Bécks opgemaach mat Geméis oder Uebst. D'Liewensmëttel si scho gewäsch a geschielt a kënnen direkt verschafft ginn. A well d'Geméis aus der Bécks sech och nach Jorelaang hält, huet een ëmmer Ierbessen, Wuerzelen oder Mais doheem an der Reserve. Ma kann esou Eppes wat sech laang hält och gesond sinn? A wéi gesäit et mat de Vitaminnen aus?
D'Michèle Schons huet nogefrot

27/09/2019 Si Liewensmëttel aus der Dous besser wéi hire Ruff?

Geméis aus der Bécks gëtt normalerweis direkt no der Recolte verschafft a kuerz blanchéiert. Duerch déi Prozedur bleiwen d'Vitaminne gréisstendeels enthalen. Och de Schutz virum Liicht dréi dozou bäi dass déi gesond Inhaltsstoffer konservéiert bleiwen. Dobäi ënnerscheet de Gehalt u Vitaminnen, beim Bécksegeméis sech net wierklech vum frëschen Produit. Wéi héich dee Vitaminverloscht ass, hänkt vun der Dauer vun der Pasteurisatioun of.
Bei Geméis fir d'Bécks gëtt an der Reegel nëmme Waasser, e bësse Salz, oder Zocker bäigemëscht, dëst konservéiert an evitéiert dass d'Liewensmëttel futti ginn. Duerch d'Pasteuriséierung, dat heescht, dat kuerzzäitegt Erhëtzen op 60-90 Grad stierwen d'Keimer of. Dat kann een och doheem selwer maachen.  
Grad am Wanter rentéiert et sech fir op d'Geméis aus der Bécks, oder dem Amaachglas zeréckzegräifen. Dëst ass dacks méi eng gesond Alternative wéi dat Uebst oder Geméis wat baussent der Saison da vu wäit hier transportéiert muss ginn an dacks mat Pestizide belaascht ass. Och wann d'Béchsen sech laang halen, soll een op verschidde Saachen oppassen:
Zu gudder Lescht gëllt: Am Beschten Uebst a Geméis verwäerte wat grad an der Saison ass, a frësch Produiten déi aus der Regioun stame sinn a bleiwen am Gesondsten.